Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) - Linguistesch Daten
Updated on August 29, 2023 — Creative Commons Zero (CC0)

Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) gouf geschafen duerch d’Gesetz iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vum 20. Juli 2018. Dëst Gesetz gesäit eng Partie Mesurë vir, déi d’Regierung am Mäerz 2017 am Kader vun der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehalen…
8 datasets
Informations
- License
- Creative Commons Zero (CC0)
- ID
- 6407416d041911a8915b1071
Temporality
- Frequency
- Monthly
- Creation date
- March 7, 2023
- Latest resource update
- August 29, 2023
Embed
Permalink
Description
Kompletten Datesaz, mat deem d'API vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD, https://lod.lu) alimentéiert gëtt. Enthält alleguerten d'Donnéeën, op deenen de Site lod.lu berout, mat Ausnam vun de Flexiounstabellen. Déi kann een sech hei separat eroflueden. De Fichier, op deem d'Sich berout, fënnt een hei.
Beuecht wgl. beim Benotze vun den LOD-Daten onbedéngt follgend Attributer (Element attribute):
EGS ("ëmgangssproochlech")
FAM ("graff")
GEHUEW ("gehuewen")
KANNERSPROOCH ("Kannersprooch")
NEOL ("Neologismus")
PEJ ("pejorativ")
VEREELZT ("vereelzt")
VULG ("vulgär")
Dës Attributer beschreiwen de Sproochregëster a weisen z. B. op e vereelzten oder op en ofwäertende Gebrauch hin.
D'Infobox-Inhalter mam Label important (infobox/@label="important") informéieren driwwer, wann ee bei Wierder soll besonnesch Uecht dinn.
D'Audiodateie stinn ënner https://lod.lu/uploads/AAC/ (am .m4a-Format), respektiv https://lod.lu/uploads/OGG/ (am .ogg-Format).
De Fichiersnumm entsprécht fir all Artikel der ID (entry/@id) a klenge Buschtawen. Fir den Artikel Kaweechelchen z. B. https://lod.lu/uploads/AAC/kaweechelchen2.m4a, resp. https://lod.lu/uploads/OGG/kaweechelchen2.ogg.
D'Beispiller, fir déi et eng Audio-Opnam gëtt, hunn eng ID (example/@id). Et kann een d'Audiodateien eroflueden ënner https://lod.lu/uploads/examples/AAC/ (am .m4a-Format), respektiv https://lod.lu/uploads/examples/OGG/ (am .ogg-Format). Déi Dossiere sinn nach weider ënnerdeelt: Den Ënnerdossiers-Numm entsprécht deenen zwee éischten Zeeche vun der ID. Z. B. huet de Saz „fiert dëse Bus op Altwis?“ d'ID ffe70832cd99be656a5177023a680a7b. D'Audiodatei steet ënner https://lod.lu/uploads/examples/AAC/ff/ffe70832cd99be656a5177023a680a7b.m4a, resp. https://lod.lu/uploads/examples/OGG/ff/ffe70832cd99be656a5177023a680a7b.ogg.
Files 3
Community resources 0
You have built a more comprehensive database than those presented here? This is the time to share it!
Reuses 0
Explore the reuses of this dataset.
Did you use this data ? Reference your work and increase your visibility.
Discussion between the organization and the community about this dataset.