Dem Grow Sigfrid seng Goldkuommer

E Komëdesteck a 5 Acten

Persônen :
1. De Grow Sigfrid.
2. D'Valdin, seng Duechter.
3. D'Bertha, hir Kuommermedercher.
4. D'Mathild,
5. De Barrong vu Schibberech a vu Bibberech.
6. De Schortgen, sei Bedengter.
7. De Jep, dem Baumeeschter seng Jongen.
8. De Clos,
9. D'Fra Barbel, dem Baumeeschter seng Fra.
10. De Schaazmeeschter.
11. Bedengter a Wiechter.



1. ACT.
1. Optrett.
Am Schlaßgard virun dem Tuur.
Valdin, Bertha, Mathild.

VALDIN. Pleckt mer nach äng Streißchen. De ëscht
Blumme sin dach emmer de schënst.

BERTHA. Ech mängen dad net. D'Hieselhäcken blëen
am Wanter, da kemt d'Maargretchen am Määrz,
d'Vegëlchen derno an um Änn de prächteg Rôs.
Diir ward 't ëscht e butzegt Medchen, ewäll sit dir
äng schên a glecklech Joffer.

MATHILD. Wees d'och wuol de Fehler vun der Rôs?

BERTHA. Ech net.

MATHILD. S'aß rôd am ganze Gesiicht: se schum-mt
sech.

BERTHA. Ewäll se sô schên aß?

MATHILD. Neen! ewäll s'esô huurteg verwielegt.

BERTA. Dë aß gudd! verhal se fir an dad schwëert
Buch, d'aas de welles baß ze schreiwen.

MATHILD. An d'aas du muß bauswänneg lëeren, dat
dir ban-nwänneg soll de Lichtfank vergoon.

BERTHA. Wa meng eschtlech Frëlechkeet etlechmol
äng Eefällegkeet set, da, schwätzt deng ersièrklech
Weißheet alt dack eschtlech domm.

VALDIN. Loßt, Kanner, dad Streiden. T'aß verdreß-
lech, dir huot allebëd esô vill Verstand an dir
wellt iech net verstoon. All Blummen dë elo blëen,
si schën. Den Daag Hautt aß mir lëwer as wi de
Muor oder Gescht. Kuckt rond emm iech! Wi blitt
op den Hechten alles esô schên; blummeg sin d'Wi-
sen am Dal-l. An d'Vigel sangen do iwer am Besch.
Wi gefahlen iech de Abrikosblëen hei un der weißer
Mauer?

BERTHA. Dir huot dë Plaaz huurteg benotzt.

MATHILD. Kaum sin d'Stehstahngen ewäch, an den
neien Tuur kaum geweißt, do aß schon den neien
Gard rondemm a volleger Blë.

VALDIN. Ech kännen neischt bässer fir de gro dihr
Huuschten am Liewen ze verstoppen, as wi
d'Blummen.

BERTHA. Wuerfir huet dach iere Papp den eeschtlech
fästen Tuur baue loßt? 't wir äng Festonk, awer
d'Schëßlächer fehlen.

VALDIN. Dir rod net wuerfir den aß. Kuckt am Schlaß-
haff dë Keschten, de s'elo erousbrengen. Do ann aß
mengem Papp sei Gold an all seng Kostbarkeeten,
de let en ann de Källeren am Tuur ann de Versuerg.

MATHILD. De Grow aß derbei, nu kemt de Stodheler
och.

BERTHA, Se soen, äre Papp wär de reichsten Här vun
der ganzer Wält.

VALDIN. Dad aß vill gesot.

2. Optrett.
De Vireg. De Grow mat de Bedengter.

DE GROW. Nu eraa mat de Keschten. Let mer all de
Saache schën uerdeklech op de helze Geställer ann
d'Gefaacher an d'Keschten. De Bou aß gudd ge-
roden, an d'Aariichtonk aß gemächlech. — Gudde
Muorge, Kand. Baß de schons esô frë bei de Blum-
men? Da'aß rächt. Muorgesstonn huet Gold am
Monn.

VALDIN. Dir maacht ängem d'Wôerecht vun dem
Sprechwuurd handgreiflech klor.

GROW. Wien nach schlëft wa seng Noper schonn op
sin, de brauch sech keng Goldkuommer ze bauen.
Net emmer blitt engem d'Gleck an et aß gudd, wann
een am Do d'Käärz erbeisicht, de een Owens soll
brauchen. 't set een, d'Gäld wär di bäscht vun alle
Luuchten, wann d'Liewen ängem deïschter gett.

VALDIN. Mir maache meng Blumme vleicht më Fred,
as wi iech iert Gold; an iewel dingen se zô neischt,
as wi fir e Graawt dermat ze reschten.

GROW. Kand, wat eng trauereg Idë, fir esô e jongt
Medchen! Wi gefaällt dir dann e Blummekranz op
änger Braut hirem Kapp?

VALDIN. Dad gëw ech iech soon, wann ech de Breitje-
mann och gesëg.

GROW. Den aß më no hei, as du mängs.

VALDIN. Huet dir mer ee bestalt? Da brauch ech mer
keen ze sichen.

GROW. Wells du dan dei Gleck woen, ônë ze weien?

VALDIN. Sot, wat leit ann der Wo? Dat ech net ze
lahng ann de Gewiichter muß wiellen.

GROW. Ann der Wo? De Barrong vu Bibberech zô
Schibberech, den offerëert seng Hand, an zwar
duurch mech.

VALDIN. Seng Hand? Gudd! huet en och e Kapp?
Soß schecken ech em seng Hand hannescht, an zwar
duurch iech.

GROW. Dad sin dan denger Saachen. Ma 't set een, e
wär e faine Man-n, e gescheite Kapp, an derbei e
gudde Kierel.

VALDIN. E wärd dach ken Ängel sin, soß mißt ech jo
stierwen, wann e mech hel.

GROW. Gew Uecht, Kand! D'Lëwt fällt net altzeit
op eng Rôs. Känns du net de klänge blanne Jéer,
matt dem gellde Stillebô.

VALDIN. De gellde Stillebô loßt mech bei ier gellde
Raretëte leen.

GROW. Je, du baß de Muerge spetzeg. Bekuck de Rô-
sen hir Dier.

VALDIN. Schë muß e sin a wetzeg, soß kritt en ann
d'Plaaz Rôsen Dier.

GROW. Gudd, mei Kand. Du baß hautt prächteg opge-
luecht; ech hoffe, kemt de Barrong, da kemt dir
och d'Twerleonk ann de Käppchen. — Nu äde!
wat geschëe soll, geschitt. Dack weist sech muerges
koum de Knäppchen vun änger Blumm, de owens
dach scho blitt. (E geet fort.) ‚

MATHILD. Frelent, ech wellt, de Barrong vu Bib-
berech zô Schibberech wär schonns hei.

VALDIN. Wann de ëßelecker Wellef en net lëwer hun
as wi ech, dan aß en hei, a vill ze bal.

MATHILD. Ann ierer Plaaz gew ech elo schonns äng
Riedd stodëeren, fir em de ze halen,

VALDIN. Zwô! Joffer Mathild. Äng fir en hei ze
behalen, wann ech em net gefalen, an äng fir e
fortzedreiwen, wann e mat Gewalt wellt bleiwen.
Wi gëwt dir en uorieden, lost emol hëeren.

MATHILD. Ongefëer esô:

Wellkem, Här Barrong vu Bibberech,
Wellkem ann iere liedder Struckens!

Dir kommt esô weit hier vu Schibberech,
One lahng ze bruoden an ze brucken,
Kommt dir bei meng Fëß iech ducken.
Här Barrong, o loßt iech bekucken !
Wi e Ginstentrausch op der drechener Huuscht
Steet op ierer Stir de schëne Buuscht.
Ier empeg Nuos gleicht änger Knuowelswuuscht.
O wi stin ier Flamekuchsôeren um Kapp,
Här Barrong, iech dach esô gudd
Enner dem klänge môâdeschen Hutt!
Wat e prächtege Spackeldaarsbaart!
A Baaken, wi gekacht Ribben esô zaart!
An dir sit, fir et net ze vergießen,
Am ganzen, op ären treipege Been
E Man-n fir zießen.
‘t begënt een net dack esô een. .
Här Barrong, dir sit e Man-n as wi en Dapp;
An ech wees net, iech schë genuch z'empfänken;
Ech fanne ke Wuurt, dad wiert aß e Knapp,
Meng Zong muf eläng fir mech dänken.
Hätt ech zing Zongen, wi d'Fanger am Grapp,
Zing schë Wierder krit dir ann ängem Strapp.
Äng Bes gëw ech nach wuol ‘uon iech hänken;
Ma verzeit, ech hun de Schnapp.

BERTHA. De Schnapp! da kent en nach wuol bleiwen.
Sot, dir hätt d'Pôken, wann der wellt fort en dreiwen.

VALDIN. Dir schwätzt zevill fir neischt ze soen.

MATHILD. Gott hällef ech! wär më kuurz.

BERTHA. Kännt der dan net dad alt Bauerenhaus-
mettel, fir e Freier ze verdreiwen? Dir baakt em e
Plättel voll Pankeg. Se soon, de Barrong wär
poëtesch; da versteet en och gewel dë Blumme-
sprohch.

MATHILD. Oho. 't gett Libhaber zôgleich vu Well-
kuerschpankeg a vu schëne Medercher. An da laaft
iech warem mat dem Mettel do. Schlächt Verse ka
ke Mensch verdroon.

VALDIN. Mat der Zeit kemt Rod. Loß mer ann
d'Schlaß goon. 't fänkt un, waarem ze gin. Onst
Spill ze weit ze dreiwen, aß nett gutt. Frëgesank
mecht den Daag lank. (Se gi fort.)

3. Optrett.
Op der Plaaz.
D'Fra Barbel a vill Leidd.

FRA BARBEL. Waad aß hei, waad kuckt der? Huet
keen ons Jonge gesin? Onse Josep an onse Clos, dé
esô lahng fort woren, si gescht aus der Friemd ereem
komt.

Äng FRA. Se wierde wuol dohier enner de Leidde stoon.
De Barrong vu Bibberech zu Schibberech soll elo
uokommen, e soll mat dem Schlaßfrelen bestued gin,
e kemt freien.

FRA BARBEL. O Gevuodesch, 't aß mir net freierech;
de Schlaag huet onse Maates geschloon. Wëßt ech
dach, wô ons Jonge sin!

4 Optrett.
De Barrong an de Schortgen.

BARRONG. Gew mei Portefeïl! 't komme mer Ge-
danken; 't wir eng Schann, wann ech se neck op-
schriw.

SCHORTGEN. Heit, Här, aß et. Soll ech iech neck jätt
virliesen fir arem Geest Flock ze machen?

BARRONG. Da'aß häckt neck nikdeg. — Kuck wi
d'Läkt sech erbei drecke vu Vurrwetz; se triedden ee
bal op d'Fëß. Dad muß de Gebrouch esô hei sin.

SCHORTGEN. Wi et schengt.

BARRONG. De welle mer notëeren. Se sträcken
d'Käpp zô de Fensteren eraus; dad hann äch
emol a Saxe gesi maajchen, an da'aß äng al Iwer-
liweronk, an ech zweiwelen neck me, dat d'Letze-
burger vun de Saxen awstamen. Al-lt notëert! Do
gesin ech zwi Männer un änger enzeger Drobierr.
Esô Volkssitten diirfen an änger Resbeschreiwonk
neck fehlen.

SCHORTGEN. Wô de Gebroujch aß, sengt een de Pom-
perneckel ann der Kiirch.

BARRONG. Äch hoon der schunn dack gesot, du solls
esô flohpeg Baueresprech neck an de Mon-nd huole.
Louster më op mäch, a gewinn däch dajch, nemmen
d'Blômewirder vun der Sprohch ze broujchen.

SCHORTGEN. Äng Kô kann sech verriedden, an e
Mensch sech vertriedden. Ma fir triedden ze lëeren,
muß äch dajch schwätzen, wann äch ojch allt
sollt d'Lajch niewen d'Steck emol sätzen.

BARRONG. Zemol elo am Schlaß huol däch ann Uecht, .
dat der keen esô e gemängt Wuurd entwescht.

SCHORTGEN. Jo, Här, wann dad eech mechte Gefalen.
Wien neck vill wees, de kann 't Moul gudd halen.

BARRONG. Wann ech z. B. nëtzen, an du ses: «Gott
sehn eech!» da geet mer allkëer den Hengerraud
ous; d'Läkd dänke jo: Wi de Kniecht, esô den
Här! « Prost, Här!» set een, a domat je.

SCHORTGEN. Aha! Gudd, Här.

BARRONG. Dad almôdescht Äde! loß mer ous dem
Monn! «O Pläsir!» aß d'Wuurd.

SCHORTGEN. Gudd, Här!

5. Optrett.
Am Baumeeschter sengem Haus.
De Baumeeschter, krank am Fotel.

CLOS. Aß et bässer, Papp?

DE BAUMEESCHTER. Jo, vill bässer, d'Liewe geet
zum Änn; en ale Man-n kritt Rô. Ir ech stierwen,
— muß ech iech, — Kanner — nach äppes soon.
— Dir weßt, ech hun dem Grow alles gebaut, waat
en nach baue lôß; ech hun him trei gedingt, hien
huet mech riichteg bezuelt. Ma wi ech de Bau am
Dëergard iwerheet ugahngen hat, du hun ech alles
verspillt, wat ech bis dohin gewonnen an erspuert
hat. Falsch Leidd hu mech beim Grow ungehahngen
an e gôw mer ke Su Entschiedegonk. E sot: Ech gin,
wi mer eens gôwen. Wat wollt ech maachen? Streit
wollt ech net mat em hun. Mei läschte Bau aß fier-
deg: da'aßt dem Grow sei Goldtuur! Fir an der grëß-
ter Nôt mech kenne sälwer bezuelt ze maachen, hun
ech hannen am Gard ann dem Wenkel — zwê
Schung dëw — am Buodem — e Lach — an der
Mauer — geloß — Aß et iwel gedun — well Gott
mer — verzeien. Dir, Kanner — hidd iech — gitt
net — (E gett schwaach; se droon en op d'Bätt.)

6. Optrett.
Josep.

JOSEP. Nu fort, Josep! un d'Arbecht! Ir mei Papp
d'Dihr vum Liewen hannen uon sech zô spärt, gôw
e mir de Schlessel vu mengem Liewensgleck. Ech
soll dem reiche Grow dad loßen, wat mei Papp
dach uon em verdingt huet, well de Bau vill më
kascht huet, aß wë hie mengem Papp gôw? M-m,
ech wees genoch.


2. ACT.
1. Optrett.
Dem Grow seng Kuommer.
De Grow.

GROW. Da'aß korjëß! Muß mei Gäld mer elo erëscht
de Schlof verdreiwen, zenter ech gemängt hun, et
esô gudd ze verspären. Geizeg sin ech net, awer
bestuel ze gin, dad verdrëst mech. Wien aß den
Dëw: Wë kôm en ann den Tuur? Ke Schlaß aß
gebracht, ke Redel eraus, käng Dihr aus dem Ahn-
gel. Mei Stodheler aß d'Treiheet sälwer. Nu aß
hent nach de Baumeeschter gestuorwen. Den hätt
mer vleicht kenne soon: wê a wô. (De Stodheler
kemt.)

2. Optrett.
De Grow, de Stodheler.

DE GROW. Du kems as wi geruff. Wi steet et am
Goldtuur ?

DE STODHELER. Schlächt, Här, op en Neiß fehle
Saachen.

GROW. Aß et Schwaarzkenstelei, oder wat aß et?

DE STODHELER. Dir huet de Schuod, Här, an ech
hun d'Schan. Ma, hut dir e Supsong op mech, da
lost mech ophänken, ech halen et net më aus.

GROW. Op dech? Ke Schiedd, siew rôeg.

STODHELER. All Schlässer hun ech anescht du maa-
chen, an den se gemaacht huet, aß aagespaart.

GROW. Gudd.

3. Optrett.
De Virig. E Bedengter. Gleich derno de Barrong
an de Schortgen.

BEDENGTER. Här, de Barrong vu Bibberech zu Schib-
berech aß uokommt.

GROW. Feer en eraan.
(De Barrong an de Schortgen.)

GROW. Wellkem, Här Barrong. 't mecht mer Fred
iech a mengem Haus ze gesin.

BARRONG. Mei Wuurd gett durch iert esô erkengt,
Dat et vu menger Zong an iert Oer sprengt.

GROW (lues). Da'aß e Wandbeidel, wi et schengt.
(Hart.) Wi gông et iech dann op der Res?

BARRONG. Wi gidwerängem, den de Geest op hech
gelëert Saajche stoon hat. Himmel an Erd, a Bierg
an Dal-l ennerwehen ze bekucken, a menger Saajch
neck. Äch fëeren op all menge Resen e Journal, an
den hat sech fëerlech op der hei ermaajcht.

GROW. Dan hut der geweß iwer Aakerbau a Politik
vill Schënes opgeschriwen. Dir schengt e grôße Fi-
losof ze sin.

BARRONG. D'Filosofi aß mer schonn hallwer ze kläng;
grôßaartech Ikdien si mein Element, an all de ge-
mäng, rez-de-choossés Gedanken si mer z'entwikder.

SCHORTGEN (luos). Wat set en? z'entwikder? Re-
zociß-Gedanken? en eßt se vill ze gär.

BARRONG. Wann der wellt louschteren, da liesen äch
ech e klängen Opsaatz, den ech ennerwehe geschri-
wen hann.

GROW. Ech well wuol, da loßt hëeren.

BARRONG (liest). «Op de Flilleke vam Stuurem-
wand, wann en de Fraläkden de Parbeli d'ennescht
d'iewescht kiert, kommen äch hei zô Letzebreg
an. Dem reiche Grow Sigfrikd seng Daachter er-
bleckzt mäch, a staansfôß wel-lt se sech mat mer
bestaden. De reiche Grow Sigfrikd gett mer seng
enzeg Daachter an d'Halschecht vu sengem selleche
Gäld. Si aß as wi am Himmel, an âch ojch. No
aajcht Degen stirwt se mat der Ouszieregen, oder
mat de Pôken, 't aß dann eendunn.» —
Bis duer aß den Opsaatz erëscht fierdeg. Spikder-
hin satzen äch najch bei, wi et mer esô leet geduun
hat a wi äch mäch iewel mat dem sellege Gäld
getrëst hann.

GROW. Eng grôßaarteg Ide, meng Sël.

BARRONG. 't aß een van de ville Grondressen fir
Trauerspiller drop ze maajchen, dë äch welles hann
ze schreiwen.

GROW. Dir schengt e famëst Dichtertalent ze sin. (zum
Bedingter) Gë, Gottfrid, fro meng Duechter, or
se den Här Barrong vu Bibberech zu Schibberech
wellt gesin. (zum Barrong) Wat huet der da fir e
Komerad do?

BARRONG. Da'aß en Exemplar ous der grôßer Klaß
vun den Delpesen, dë hire Gedanken no krichen
wi d'Pardskruweler. Falen s'eemol op de Reck,
da geet Joer an Daag zô, ir s'eremm op d'Fëß kom-
men. Dir mußt em äppes klänges zô gin: en erlabt
sech etlechmol äng gemäng Ried. (De Grow geet ous.)

SCHORTGEN. Prost, Här Barrong! (D'Joffer Valdin
an d'Bertha kommen.)

4. Optrett.
De Barrong, Schortgen, Valdin, Bertha.

DE BARRONG. Vum Himmel kemt äng Rôs getrol-It.
O ken-nt äch nu meng Wierder wiellen,
Wô d'Bei den Hunneg hat gehol-lt,
Fir alles ieren Oren ze verziellen,
Wat d'Lëw zô iech huet mat mer wol-lt.
Mein Häärz, soß haat et grôßeg Hiellen,
Et aß zesummen nu geschmol-lt
As wi en Ärsduoder esô giell as wie Gold.
Mat mengem Häärzduoder dem giellen
Well bor äch bezuolen dad Gleck a meng Schold.
O kommt, ech warde mat Ongedol-lt,
O kommt, as wi ent-Ee-m-mâäch-sch-sch- (en nëst)
[-chiellen.

SCHORTGEN (fir sech). Do nëst en. Der Deiwel soll
[et huelen,
Elo hann äch jo dad. reffenëert Wuurd
Allt nammel ous dem Kapp jestuurt?,
An äch stin as wi op Kuelen.
Aha! (Hard.) O Pläsir, Här Barrong, an domat je!

BARRONG. O du Ongjehuwelten!
O Frelen, meng Nerwe sprange wi jong Fuelen —
— Elo — elo —— Den domme Kärel hat mäch der-
vann erawbraacht.

VALDIN. Ech kann net mat sô schëne Riedden,
Här Barrong, virun iech hei triedden.
Sô vill ech mer och de Geescht zerkniedden
An d'Äcke vu mengem Kapp durchfriedden,
Um Änn muô ech em Verzeionk biedden.
Dir kennt d'Blumme mat Heegaaflen ziedden,
Ech fannen elo lahscht alle menge Piedden
Käng Blumm fir iech, blôs Onkraut ze giedden.

BARRONG. O gett mer äng Streißgen
Ous ierem Gard, meng lëwlech Meißgen,
Et siew äng Blumm oder nemmen ent Reißigen.

VALDIN. O schënen Här vu Schibberech,
Wat hun am Häärz e Gedibbert ech!
Zenter ech gesin iech, Här vu Bibberech,
Do schwätzen as wi äng Klibber ech.
Mir aß et am Reck esô kal, esô schudderech,
A mei Blutt leeft an den Oderen ganz schludderech;
Dir kommt as wi en Häld esô dudderech
A bestret mat blummegem Pudder mech,
Fir z'ießen as wie geschmachelecht Fudder mech.

BARRONG. Wi kann ech mataarme Wirder erstuoden
All Käste vun ärem grôße Gefill?
All Tulpen, all Rôse gin ech bloden
Fir eech vun der Sauer bis bei den Nil,
Ewall äch gesin, dat et eech ka goden,
Dad äch mäch mat eech bestoden.
O kennt äch mäch am Kalschwaßer boden!
Trëne miegt äch kreischen wi Kwatschefloden!
Fir eech gëng äch gär bis an d'Woden
Durch d'Feier (wann et mer neischt giw schoden)!
O kennt äch a mäng Longebälleg loden
Von ängem ganze Johr de Wand,
Den ee geseit an eisem Land
Op den Hëchten an em d'Baajchen
Mat alle schëne Summerblôme spillen!
Elouter Seifzer giw äch dervu maajchen
- Fir ier Lëwt ze bezôlen.
Mei Mond kann neck huurteg genuch molen
D'Gedanken, dë mei Geest em schet op d'Millen.
Äch kann neck me schwätzen, ma wann dir wellt,
[äch billen.

VALDIN. Wô soll ech d'Wirder zesuome schären,
Di schënste Reimen erbei mer droon!
O ken-nt ech d'Konscht vun de grôßen Hären,
Dë am schënste riedden, wann se neischt welle soon?
Loßt mer mei Leed a fänkt uon ze goon,
Bis dat dir ier Trënen hut bei der Hand,
A versuergt ier Saifzer och bässer.
Gitt ewäch heem an dreiwt allt bal mat Gewässer
Ierem Geescht seng Millen, a bal och mat Wand.

BARRONG. Muß ous dem Wuurd op d'Menonk äch
[schlëßen,
Da well äch kee Gleck op der Wält më begrëßen,
Ken Hunneg ka mei Schicksal versëßen.
Ädi! meng Hoffnonk geet fort mat barbessen Fëßen.

SCHORTGEN. O Pläsir, sot dir jo! (Allebëd gi fort.)

5. Optrett.
Valdin, Bertha.

BERTHA. Neen, neen, dë Gedold vun iech! Onerdrëglech
aß et, hien ze gesin; mê onerdrëglech, em no ze
lauschteren; awer, iech ze hëere schwâtzen as wi
hien — dad schuddert mech.

VALDIN. Wat aß dann? ech hu mech amusëert: de
Spaß huet mer nach allzait d'Trauregkeet verdriwen,
an de Keer och.

BERTHA. D'Trauregkeet? Frelen? Wat heescht dad?

VALDIN. Aß dad esô e grôßt Wonner beì ängem jonge
Medchen?

BERTHA. Bei iech, jo. Dir ward jo nach emmer d'Frëlegkeet
sälwer. Wat aß iech?

VALDIN. Ech — Bertha, soll ech — hun ech äppes gesot.

BERTHA. Wellt der mir et net soon, da sot mengem
Virwetz et hemlech ann d'Oer.

VALDIN. Iech? dach, awer dem Mathild net.

BERTHA. Dir weßt, ech ka gudd stell halen.

VALDIN. Wat dengt et‚ wann ech d'Saach soll soon
an d'Wirder well aaschlecken? Berta — mein Hierz,
huet gewielt.

BERTHA. Frelen, wat sot dir? gewielt? de Barrong? de
mat der Kaazekuck.

VALDIN. Berta, dir wellt mech dach net beledegen?
Wie set äppes vum Barrong?

BERTHA. Wien hut dir da so gesin? Ke jongen Här
war a lahnger Zait am Schlaß.

VALDIN. En eenzegen hun ech gesin, a de war schonn
zevill.

BERTHA. Wann ech iech soll verstoon, mißt der mer
äppes soon.

VALDIN. Niechterowend war ech aus ann de Gard.
T war esô mel-l, esô schën! Liichteschain, d'Stären
um Himmel, Jehahnsfenkelcher rond emm mech, an
d'Nuochtegällercherslidder doiwer am Besch! Op
eemol trett aus de Rôsenhäcken e jonge Mensch,
esô schên as wi den hälle Muorgen. Den huet mer
meng Rô gestuel. Den eläng ka mer s'eremm gin.
Kaum haat ech en erbleckt, drêen ech mech emm,
gin eraan, ône esô king ze sin eemol hannerzeg ze
kucken.

BERTHA. An iewel mußt dir en nach eemol ereram gesin.

VALDIN. Mängt dir? Rod dir mir duorzô?

BERTHA. Dir mußt gewuer gin, wien et aß. E kemt
eremm zans oder en aneren Owend, des sit geweß.

VALDIN. Gëwt dir mat em riedden?

BERTHA. Ganz geweß.

VALDIN. Oje, dad aß nemmen e schënen Draam. E
war do an e kemt net eremm.

6. Optrett.
Am Baumeeschter sengem Haus.
De Josep an de Clos.

DE JOSEP. Dack siche mer nom Gleck lahng iwerall,
Da kemt ons onverhofft zum läschten
Vum Himmel an de Schôß gefal-l
Dad schënst an ättlechmol des Bäschten.
Deng Schënheet hun ech nun eemol gesin,
Du baß mai Liicht, du baß mai Stär
Op daischtere Pieden, dé ech nu gin.
Ma d'Schicksal aß dem Mensch sain Här.
Dack begënt ons a sengem Flock
Op onse Wehen dad frendlecht Gleck;
Et laacht ons lëwlech an dach eenzock
Schonn drët et ons stauteg de Reck.
Vlaicht komme mir onst Liewelank
Nu net më zesuommen esô;
Vlaicht fëert d'Gleck och frai a frank
Geschwenn eent dem aneren zô.

CLOS. Wat drecks du nammel fir Kalänneren? Hues
de deng sché Blummekinnekin nach net vergieß?

JOSEP. Wis de mängs, esô aß et, ech kann et net änneren.

CLOS. Du hues nun de ganzen Daach hei gesie
Ze fillen an ze dänken
An der deng Sel ze kränken.
Wees d'och, wiem's de dein Härz wells schänken?

JOSEP. Neen, ech kännen se net.

CLOS. Mängs de net, se kwëm hent eremm?

JOSEP. Ech mänge vill an ech hoffe wëneg.
O komm, du lëwen Owend!

CLOS. O komm, du deister Nuecht!
Dem Grow seng fiffeg Dëw,
Se stin op der Wuecht.
Komm, deischter Nuecht, eis zu léw!
Mer stin op der Lauer,
Wäll mer krechen nach gär eemol durch d'Mauer.
— Du gees haut dach mat, Josep, mer hun eise
Kont nach net.

JOSEP. Gäld well ech keent më. Gester Owend
wollt ech de Braßle mat den Iedelstängen net, den
do leit. Hent huôlen ech den, fir sii, fir d'Kinnekin
vun de Blummen.

CLOS. Du wells eïs also huurteg verroden?
Mei Gott genoden,
Da bleiw dach heihem!
Du schengs e gefëerleche Kranken.
Deng Drem nännst de Gedanken,
Nänn deng Gedanken dach Drem.

JOSEP. Esô en heemlecht härzlecht Geschänk, wie weißt
dad? A gi mer erwescht! Clos, känns de dad Lid
vum Hierrger Här?

CLOS. Sang mer et.

JOSEP.
Do wô d'Schwarzernz
Duurch de Besch leeft
Sôtz den Hierrger
Här am Buurgnast,
Dad ganz hëch war,
Mat der Duechter,
Dë ganz schë war.
An zu Befert
War e Jonker,
Den se gär haat,
An sì hien och.

Awer Befert
An den Hierzger
Ware Feind sech
Bis an d'Sël aan.

E Verrëder
Ân e Schmalzert
Kôm zum Hierrger
An de sot em:
Wann der fort sit,
Kemt de Jonker

Op iert Schlaß hier.
Wat e mecht hei
Mußt dir wessen.
Dat dir fort sit,
Dad geseit en
Un den Trett vun
Ierem Reitpärd.

An den Hierrger
Rännt no Belleg
An e set do
Zô dem Schmatt det:
Hei beschlo nu
Ganz geschecklech
Du mei Reitpärd,
t' Hennescht vir mer.
An de Schmatt schlët
Op den Undels
An op d'Eisen,
Dat et fonkelt.
Da beschlët en
Him sei Reitpärd,
't Hennescht vir schën.
Op sei Fexchen
Sprengt den Här du,

An du hannescht
Richt op hem zô.
Awer d'Hôftrett,
Vun dem Reitpärd'
Weisen anescht.

Em den Owend
Nu geridden
Kôm vu Befert
Och de Jonker.
Frô geseit en
Un den Hôftrett,
Dat den Hierrger
Nach eraus wir,
Klappt un d'Part luos,
Dë och op geet.
Wi de Jonker
War am Schlaßhaff,
Sprengt den Hierrger
Un den Hals em
Mat dem Reitkniecht
An se stôßen
Iwer d'Fiels ow
Gëh de Jonker
Sächs versins dëw.

3. ACT.
1. Optrett.
Am Schlaßgard. Muorgesfrë.
Valdin, Bertha.

VALDIN. D'Stäre fänken u bleech ze gin, der Daag
grot. Di lëwlech Nuecht mat hirer hemlecher Hoffnonk
geet fort an d'Sonn kemt mer weisen, dad ech
Onrächt hei hat, mei Gleck ze sichen, wô et net
aß. Sô gi mer all duurch d'Liewen, mer siche wat
eis fehlt; aß d'Gleck dan eis gensteg, dan hu mer
nach keng Rô. Wann d'Frëjohr seng Blummen
brengt, da wellte mer, 't wir Hierscht. Beim Hierscht
senge reiche Gowen, dan dreme mer vum blummege Mee.
A fir d'Gleck eis ze verschaafen,
Mer mißten eisem egnen Hierz entlaafen.

BERTHA. Dack huet een d'Hoffnonk ganz verluer,
Da get een op eemol sei Gleck gewuer.
E kemt! Hanner de Rôsenhäcken trett en eraus.

2. Optrett.
De Vireg. Josep.

JOSEP. Zwën Änglen am blummege Gard! Dë zur
rechter Hand aß se. Rôeg, mein Härz, ech muß mat
hir riedden.

BERTHA. Zreck, Här, wien erlabt iech heihin ze kommen?

JOSEP. D'Lëwt an d'Hoffnonk.

BERTHA. Dir sit king. Fort hei, ech biedden.

JOSEP. D'Sonn lëßt mer net lahng mei Gleck.

BERTHA. Ech ruffen.

JOSEP. Rufft!

BERTHA. Wie sit der? Wi heescht der?

JOSEP. Ech sin den net, den ech war, a Josep aß mein Nuom.

BERTHA. Fort hei, Här, a beledegt eis Joffer net.

JOSEP. Wat kann et enger Rôs, enger Tulipant schuoden,
Wann ech mein A an hierer Schënheet buoden?
Dir duurft mech net esô ganz veruechten,
Wann ech lëwer ier Joffer as wi hir Blummen betruechten.

BERTHA. Schë Komplimente kann a well ech iech net soon.
Kuurz emm, Här, eis Frele set, der sollt goon.

JOSEP. Aus hierem Monn dad ze heren,
Ka mech Onglewegen nemme bekëeren.

VALDIN. Fort, Här, der Daag scho grot.

JOSEP. Dir net, der Daag get mer de Rod?

VALDIN. Dir huet mer käng Fro ze ställen, gitt, ech
hu meint gesot.

JOSEP. A gëw ech iech froen, wat set der mer gär?

VALDIN. D'Sonn set iech alles. Ech biede, gitt, Här.

JOSEP. Äde, Frelen, ech gin,
Mat der Hoffnonk iech geschwenn eremm ze gesin.
(zur Bertha) Dir ställt iech bëß, ma ech dänken,
Dir wellt mech e wënech zänken.
Hei! huelt de Braßle, den ech der Frele schänken.
(Fort.)

3 Optrett.
Valdin, Bertha.

VALDIN. Wi huurteg fergeet e schënen A'bleck,
Wann en helt mat fort all eist Gleck!

BERTHA. Kuckt hei de Braßle! Ganz selen
Gesôch ech esô een.

VALDIN. Senger Schënheet schingt neischt ze fehlen,
En aß vu Gold an Iedelsteen.

BERTHA. Rôd a blo a gring a giell:
All Farwe sin dran ann der Wiel.

VALDIN. Reich muß e sin, 't aß e grôßen Här.
Ma, wat mé aß, en huet mech gär.

BERTHA. Wat më aß: Ech riedden no mengem San-n,
Ech riedden no mengem Gefill —
Wat më aß: Hien huet e Reef ze man-n
An dir huet nun den do zevill.

VALDIN. Kommt, en aß fort. Wat maa mer nach hei?
Meng Rô aß, meng Fred ann dem Gard aß verbei.

BERTHA. Loß mer bei d'Mathild goon.
Mer missen er di Saach verzielen a soon.

4. Optrett.
Barrong a Grow spazëeren am Gard.

BARRONG. Iere Reichtom, Här Grow, aß grôß.
Dir huet des Gäld jo äng Mäng
Am Tuur an der Iedelstäng
Fir iech. Dir setzt dem Gleck am Schôß.

GROW. Ech si kee Bohert, ma, friemen Hären,
Dene weisen ech meng Saache gären.
Dad aß äng Fred as wi äng aner. Ee weist seng
Heiser, seng Schlässer, seng Pärd a seng Flenten.
De Kenstler weist Statuen a Biller,
Sei Miehl weist iech de Miller,
De Gierwer schwätzt iech vum Lieder,
De Schreiwer vu senger Fieder.
Vum Dichter senge Reime kommt der net ewäch
An de Schôster an och aner halen deck vum Päch.

BARRONG. Erlabt mer dach ze soen, dat ech vill net halen
Vu de gielle Goldknätzelen,. dë iech esô gefalen.

GROW. Ech sin an der Filosofi ken Häld
An ech mängen, dad Gäld,
Dad wir dach glad net esô iwel;
O conträr, e sëer iedlege Miwel.

BARRONG. Grôß Gedanken aß mei fort, an ech dänke mech warm,
Fir z'ennersiche dë ëerlech Wehe zum Gäld,
Wäll ône di räng Moral, aß Reich as wi Arm
Dach nemmen e Bëscht op der Wält.

GROW. Mir huelen di Saach hei me iwerheet,
Wall, sollt ee Steck ver Steck ennersichen,
Dann hätt geschwenn en aner de Brot an der Kichen
An 't gëw ängem hanneno leed.
Iwregens, Här Barrong, ruffen ech mei Bedengter,
de kann iech an ier Zemmere fëeren.

BARRONG. Ech danken, Här Grow. Diirft ech net bal
eremm virun ierer Duechter hirt A triedden? (De
Bedengter kemt.)

GROW. Virun hier Aen allebëd, ewäll si aß net schiell,
wi der scho wuol weßt. (Barrong mam Bedingter
fort. De Stodheler kemt.)

5. Optrett.
Grow, Stodheler,

GROW. Haate mer dë vergangen Nuecht eremm e Besuch am Goldtuur,
wat mängt der?

STODHELER. Op en Neis fehlt e schëne Braßle.

GROW. Huet der d'Fal geluegt?

STODHELER. Se leit op hierer Plaaz. Wien drop trett,
leeft net me fort.

GROW. Wann d'Fal esô gudd aß wi d'O'tz, da si
mer des Fank geweß.

STODHELER. De Barrong vu Schibberech haat beim
Hor no drop getratt, wi en elo dobanne war. Ma
ech haat d'A emmer op em.

GROW. Dad hätt em eremm hëch Gedanke bruecht.

STODHELER. A sengem Journal e schêne Kapitel.
(Fort.)

6. Optrett.
Zemmer am Schlaß.
Valdin, Mathild.

MATHILD. Da kännt een nu d'Ursaach van der
Onnrô, vun der Trauregkeet, vun der heemlecher
Peng, vun dem Seufzen a Kreischen!

VALDIN. Ech biedden iech, Mathild, sot mer net de
ganzen Dictionâr op. Zô de Wirder gehëeren och
Gedanken.

MATHILD. Da'aß demno as een sech gewint huet.
't gi vill Wirder gesot, bei denen neischt ze dänken.
aß, a grad bei dene gett sech am meeschte beduecht,
vun denen dë net dänken. _

VALDIN. Dir huet dack onsenneg Quenten am Kapp,
a der sot Denger, se gleïchen dem ronne Vëereck.

MATHILD. Do aß dad Wuurd Braßle awer, Frelen, wat
dänkt dir, wann der et hëert? D'Bertha dänkt un di
schën Iedelstäng; ech dänken: Hätt ech en! Dir
dânkt aß wi ech: Hätt ech en — awer de schëne
jonge — Bßt, de Grow!

7. Optrett.
En De Vireg. Grow.

GROW. De Barrong vu Schibberech kemt dech eremm
gär besichen, Valdin. Ech biedden dech, siew frendlech
gënt en an dänk: Dë Stonn geet allt eremm.
Allerhand Ledd gett et op der Wält, an de Barrong
muß ee betruechten als wi äng korjës Raretët ann
der Natur.

VALDIN. Dir weßt jo, Papp, ech fanne bei de Ledden
zimlech geschwenn den Tôn, no dem as hir Seete
gestemmt sin, a da stemmen ech meng hiren no.
Beim Barrong huet een den Tôn schuns, sôbal as
en de Mond op deet.

GROW. Wat gesin ech do? Wat hues de fir e Braßle do?

VALDIN. De Braßle, Papp?

GROW. Maja, wô kômst un deen ?

VALDIN. Ma — ech — ma ech kruut e geschänkt.

GROW. Geschänkt! ma do wellt ech giere wesse vu
wiem. E gôw mer aus dem Goldtuur de letzt
Nuecht gestuel.

VALDIN. Iech gôw e gestuel?

GROW. Du zweiwels?

VALDIN. Ech verwonnere mech.

GROW. Dad kanns de. Ma geschwenn eraus, so mer,
wie gôw der en?

MATHILD (luôs). Dad gëw elo schên, wann se d'Wôregt siet.

VALDIN. Wie mer e gôw? — Ma, de Barrong.

GROW. De Barrong? Ei, du abscheileche Kierel! Dad
huet em nach gefehlt. De Barrong huet der e gin?

VALDIN. Papp — maja.

GROW. Do kemt en, de Mensch mat den hëgen Ideen.
Kuck wat en Är, wat en Tôn! De Canalgen!

MATHILD. Ewäll gett et erischt schën.

VALDIN. Wuer soll ech mech verstoppen?

MATHILD. (lues) Verstoppt iech hanner ier Onbesonnenheet,
dë aß esô grôß, dad kee Mensch iech dran eremm fennt.

8. Optrett.
De Vireg. De Barrong mam Schortgen.

De BARRONG. Frelen, nach eemol, ir mein ongleckleche Stär
Eremm heem mech fëert, gesëg ech iech gär,
Fir nach eemol ze hëeren aus ierem Monn,
Or mer fortu schengt äng frendlech Sonn
Oder ob sech äng deischter Nuecht
Fir ëweg op mei Liewen huet geluegt.
O, wir ech Meeschter am Wirderspill,
O, kent ech iech schwätzen
An d'Hierz iech op brätzen
Mam kenstlechsten Diichterstyl!

GROW. De Stil-l, Här Barrong, ech këeren en emm
An aus dem Biesem gett et e Bängel
Als wi en Deiwel aus dem Erzängel.

BARRONG. Hëren ech dem Grow oder dem Schortge seng Stemm?

SCHORTGEN. Ech hale stel-l, fir iech net ze kränken,
A spure meng Zeit, fir no ze dänken.

GROW. Gett der iech brachfälleg?

SCHORTGEN. Brachfälleg sin d'Mëcken.

BARRONG. Wôann brachfälleg? ech? Mein Härz aß räng as wi iert Gold.

GROW. Wômat dat der ier Täschen huet gefol-lt.

BARRONG. Wat heescht dad?

GROW. Kuurzemm, der huet mech bestuel.

SCHORTGEN. Har, da'aß äppes fir an iere Journal.
't aß neischt iwer d'Resen. Do heërt een allerhand.

BARRONG. Dremen ech oder dir?

GROW. Dänkt wi der wellt, ma gett mer mei Gold
eremm! Vill kôm mer fort, zenter as der zu Letzebrech
sit. Weel der Deiwel, wi der dru kômt. Paßperte,
gäld, Har Barrong vu Schibberech?

BARRONG. Ech, Paßperten! O du himmlesch Brawheet!
Nu soll den Zolwerknapp sech bis un d'Wolken hiewen.

MATHILD. Dad deet en emmer.

BARRONG. Elo awer fir mech, als Zeie fir meng Ëer!

GROW. Schwätzt a schwiert! Awer erous mat dem Gold!

BARRONG. Wie ka mer äppes beweisen?

GROW. Hei de Braßle u menger Duechter hirem Arem.
Huet dir hir den net gin?

BARRONG. Ech?

GROW. Wien dan anescht?

BARRONG. Hätt ech e gehuet, dan hätt ech e nach.

SCHORTGEN. Da'aß wôer. En aß më vun Hättech
as wi vun Giewech.

BARRONG. Frelen, hun ech iech de Braßle gin?

VALDIN. Net?

BARRONG. Dir frot!

VALDIN. As wi dir.

BARRONG. Ech hun d'Rächt ze froen. War ech den Dëw?

VALDIN. Wann ech kee Spaaß maan: — Jue!

BARRONG. An ech soon: Neen!

GROW. Kee Komëde! Hei, dir Jongen, fëert mer de
Barrong an d'Lach.

BERTHA. De Spaaß gett Eescht.

VALDIN. Waat aß ze maachen? Ech stin zweschen zwee Feieren.

MATHILD. An zweschen zwën dichtege Freieren.

(D'Kniecht fëeren de Barrong fort.)

GROW. Fort mat em.

BARRONG. Een Trôscht hun ech. Grôß Männer gin
frë oder spët verfollegt. Dad leert d'Wältgeschicht.

GROW. Ech hoffen, e soll nu ann sech goon. Nu wellt
ech awer gewuer gin, wi en an de Käller kôm, oder
wien anescht et war.

MATHILD. Da gëwt der weiß, wat ech scho weeß.

GROW. Äde, dir Jofferen.

9. Optrett.
Valdin, Mathild.

VALDIN. Dad aß zevill.

MATHILD. Dir huet äng Amusätt nëdeg. Ech weeß
e Puer Versen ze sangen. 't aß wuol e Gaaßelid,
ma iwel schën am Nôtfal-l.

BERTHA. Loßt hëeren.

MATHILD.
Mei Freier aß e grôfßen Här,
Holiti heido!
En huet mech wuel vun Härze gär,
Holiti eiholito, holiti heido!
Mei Freier aß e grôßen Dëw,
Hien aß mer awer eeschtlech lëw.

E litt fir mech, e stielt fir mech,
Holiti!
A wann e gripst, da fleißt en sech.
A wier en och en duoblen Dëw,
En aß a bleiwt mer iewel lëw.

Wellt der di aner Versen och hëeren?

VALDIN. O, sit stel-l, Spottmechesch.
Komm, frendlech Nuecht, a breng mer Rô
A spär den Daag a sei Leed mer zô!

MATHILD. Komm, Nuecht, mat dem Schiedd, mat denger Lêw
Fir d'Medercher a fir d'Braßlesdew! (Fort.)

10. Optrett.
Josep (am Gard, virum Goldtuur).

JOSEP. O mei Gott, wat aß geschitt! O Gäld! awer
nach më, o Lewt! Am Goldtuur war eis d'Fal gesaat.
Mei Brudder war vir, si huet e gepackt. Onmëglech
war et, en eraus ze krëen. Der Daag fông
un ze groen! Hie sälwer deet mech em de Kapp erof
schloon, dat en am Dôd mech net soll më verroden.
Stell, Jôsep, verrod dech net sälwer! Vleicht geet et
nach gudd. (Fort.)


4. ACT.
1. Optrett.
Am Schlaß.
De Grow, de Stodheler.

GROW. A was de do net ses! Font der en elo?

STODHELER. Ech gông an de Goldtuur fir d'Fal
ewäch ze huelen, ewäll mer den Dëw jo hun, wi
mer mängten; do fannen ech de Leiw ône Kapp an
der Fal.

GROW. Da'aß wonnerlech.

STODHELER. Nu dingt eis de Leiw ône Kapp dach
neischt. Wie kännt den nach?

GROW. Dach soll en eis nach notzen. Baußent de
Maueren hänkt en un äng Stahng. Sätzt gudd
Wuechten derbei, dë uecht gin. Seng Frenn wärden
sech geschwenn verraden.

STODHELER. Gudd.

GROW. Da laaft a maacht dem Barrong de Prisong op
a sot, et dit mer sëer led, dad ech en duurch Iirtom
gekränkt hun. Vleicht giw meng Duechter duurch
hirt Jowuurt en eremm alles vergießen dun.

STODHELER. Awer de Braßle? Här, de kann eis op
d'Spuur vum Dëw brengen, wäll den Dôdegen war
net eläng, soß hätt en de Kapp nach.

GROW. Meng Duechter muß Rechenschaft gin, wò
s'en hir huet.

STODHELER. Ech kommen eremm soon, wat ech gewuer gin. (Fort.)

GROW. E kinge grôßartegen Dëwstal-l! Geschecklechkeet
a Gleck! Ech well de Man-n kännen, den esô
e kingt Spill mat mer dreiwt.

2. Optrett.
Am Baumeeschter sengem Haus.
Barbel, Josep.

BARBEL. Huet eïser Herrgott mer duerfir d'Liewen
esô lang geloß, dat ech dad vu menge Kanner gesi
muß! O wiren s'an der Wë gestuerwen! O di
hemlech Riedden, hirt Gepespers! De Josep huet
mer alles gesot, awer ze spët. Ech konnt se net ermahnen
zum Gudden. Ech woßt net, dat se sô
schlecht — O! wann e Stee vum Himmel fällt, da
trellt en änger armer Wittfra op de Kapp.

JOSEP. Ech soll net eremm a mein Heemechshaus
kommen! O Mamm, wat aß geschitt! Verzeit!

BARBEL. Ech froen dech net, wô dei Brudder aß. Wô
aß seng Leich? — Wees de, wat de Grow vir huet?

JOSEP. De Grow?

BARBEL. Zweschent Himmel an Erd kanns de baußend
de Schlaßmaueren dei Brudder gesin.

JOSEP. O mei Gott!

BARBEL. O ëweg Schan! Vun de Kuebe gefreeß, zum
Spott vun der Wält! Aner Mammen gin op d'Griewer
kreischen. Wô aß d'Leich vu mengem Son-n?

JOSEP. Sit rôeg, Mamm. Ech krëen d'Leich oder ech
well och stierwen.

BARBEL. Maach was de wells, awer verschôn dei Liewen.

3. Optrett.
Am Prisong.
De Barrong.

BARRONG (schreiwt op d'Mauer).
Nu huet mech d'Schicksal an de Greppen,
Seng Pratze maachen d'Hor mer gro,
Et wellt als wi e Fräsch mech streppen
An ganz verdillgen mech derno.

Wäll hei aus dem verfluchten Deppen,
Dad nemmen Schällmen aß geriecht,
Fir mech als Déw dan opzekneppen
Erlëst mech muor den Henkerskniecht.

Meng Trënen driwen ennerschliichteg
Beino schuns wuol e Milleraad,
Ewall de Papp jo mängt, ‘t wär riichteg
Wat him seng Duechter huet geschwaat.

A Gott, de wees, ech sin onschelleg,
Meng Léw de aß un alles d'Schold,
An dach, dem schëne Medche well ech
Zu Lëw och stierwe mat Gedold.

Jo, zenter dat den alen Uodem
Den Aapel ôß vu senger Ëw,
Do gett ke Man-n nun om Erdbuodem
Më laß des Leed, më laß der Lëw.

Ma wir ech dach eremm derhanner,
Meng Roll gëw aneschter gespil-lt.
't aß Schuod! Wat hätten aartlech Kanner
Mir zwee der Waält jo nach gezil-lt.
(De Schortgen kermt.)

4. Optrett.
De Barrong, Sckortgen.

BARRONG. Wat aß?

SCHORTGEN. Wat soll sin? Dir kreischt an ech
ießen. Wie lang eßt, gett al, set d'Sprechwuurt.

BARRONG. Du Räscht vun de Leckden!

SCHORTGEN. Faasten ann der Festonk, dad sin zwee
Onglecker.

BARRONG. Zing mißt du der hun, wäll eent dech net
am Stand aß ous der Niderdrachtegkeet z'erhiewen.

SCHORTGEN. Verdreiwt iert Zidderen iech d'Kelt?
Dir lamentëert vergiewens. Wann ech ießen, da
wees ech wuerfir.

BARRONG. O, sëtz ech zu Schibberech bei mengem
Schreiwdesch!

SCHORTGEN. Wien ann äng Händ wenscht an ann di
aner fleet, den huet ann änger sô vill wi ann der
der aner.

BARRONG. Eremm e flappege Sproch! Du geß der net
laß. An emmer baß d'ann dene Vergleichnessen
de Porträ vum gemängste Pebel, den net am Stand
aß, e Sprechwuurt z'erdänken, ône dad Bild dran
ze sätzen, dad dem Gebilten ann d'Nues ann
Plaaz ann d'Oer geet. Fich, di ongeschlaffe Majoritët!
(D'Mathild kemt.)

5. Optrett.
De Vireg. Mathild.

MATHILD. D'Frelen scheckt mech iech soon, dir sollt
hir de Spaaß verzeien, den se geschter mat iech gemaacht.

SCHORTGEN. Spaaß?

MATHILD. Wat wellt dir? Ech riedde mam Här Barrong.

SCHORTGEN. An ech fir de Barrong. Hie setzt am
Trauer bis iwer d'Oeren, an dänkt iwer seng ongbeduecht
Gedanken no.

MATHILD. Ursaach genuch fir trauereg ze sin.

SCHORTGEN. De Barrong aß nach eniichter an net
opgeluecht, Audienz ze gin.

MATHILD. Ech awer richte meng Buedschaft aus.
D'Frelen…

SCHORTGEN. De Barrong wellt neïscht mé vun er hëeren.

MATHILD. D'Frelen wellt eremm alles gudd maachen.

SCHORTGEN. De Barrong scheckt hir de Kuerw, en
huet se net me gär. E geseit nu, d'Lëw fällt esô
wuol op äng Rôs als wi op en —

BARRONG. Stell, gemängt Subjäct! Sot der Frelen,
wi dëw se mech ernidregt huet. Ech sin nemme më
de Schiedd vum Barrong vu Bibberech a Schibberech.

MATHILD. Ech hu gemängt, neischt mich ke Schiedd.

BARRONG. Ech sti mat ängem Fôß am Grawt.

MATHILD. Dan aß et nach net firdeg, so felt der dran.

BARRONG. Wô sin dë schên Drem vu menger Kannerzeit!

MATHILD. An der Wë, bei aner Saachen. (De Stodheler kemt.)

6. Optrett.
De Vireg. Stodheler.

STODHELER. De Grow scheckt iech duurch mech
ier Freiheet. 't war en Iirtom. 't deed em led.

MATHILD (lues). Dann hätt e lëwer, 't wir keen.

STODHELER. De wirklechen Dëw aß font, en hänkt
ône Kapp dobaußen un er Stahng.

MATHILD (lues). Dad huet nach gefehlt.

STODHELER. De Grow wellt iech zefridde ställen, a
soll et och senger Duechter hirt Jowuurt sin.

MATHILD (lues). Se huet der zwën ône Kapp an der Wiell.

BARRONG. Sot dem Grow mein Dank a mei Grôß.
A sot em, ech këm zu Pärd oder zu Fôß.

SCHORTGEN. Sôbal en huet de Prisongssteps sech ow gereselt,
Den Ableck dohi kemt e gebeselt.

MATHILD (lues). Da'aß Ueßepoesie. (Fort.)

STODHELER. Der sit em wellkem. (Fort.)

7. Optrett.
De Barrong, Schortgen.

SCHORTGEN. Do, wat huet der nu vun ierem Grunschen?
Der huet iech vergiewens d'Fanger geschrimen hol a blo.
Ech duecht wuol, dad Denge gëw klunschen,
Bis dat de Grow iech seng Duechter werft ann d'Wo.
Nu kennt der an de schênste Gedanken iech junschen,
Ewäll, wellt der se net, e geheit iech se no,

BARRONG. Nu äde, dir schwaarz Prisongsmaueren!
Verhalt: hei huet de Barrong vu Schibberech gesieß,
Sein Ongleck voll Onschold a Gedold ze betraueren;
Dach huet e ke Spetzbôwebrôd hei gieß.

Dir sit gebaut fir d'Schällmen a fir d'Baueren,
Ewäll dë ëscht zevill huelen an deß neïscht kenne gin;
Se setzen op d'Erauskommen heibannen ze laueren,
Ma net dobaußen de Galgen ze gesin.

Der huet gehëert de Schurken hir Gaaßelidder
A groe Sender hir Spetzbôwe Flich;
Ire Geroch war menger grôßer Sël z'entwidder,
As wi den aus enger verschweeßter Bättzich.

Ma zenter op iech menger Versen en Honnert
An äng Dosend menger Gedanken nu stin,
Nu wärd der berümmt, nu wärd der bewonnert
As wi heileg Kiirchemauere gin. (Fort.)

8. Optrett.
Plaaz virun der Stadmauer.
Dem Grow seng Wächter.

1. WÄCHTER. Mer gin ze weit. Mer verlëeren d'Leich
aus dem Gesiicht.

2. WÄCHTER. Ech net, ech hun der e Puur Aen wi e Spuurvugel;
't helt keen es se.

1. WÄCHTER. Mer sollen awer och Uecht gin, wann
een se trauereg bekuckt.

2. WÄCHTER. 't wärt wuol keen se frô bekucken.

1. WÄCHTER. Mer mussen all Bedrëwt an den Arrest
fëeren.

2. WÄCHTER. Dan hätte mer vill ze dun; ‘t aß keng
Fred më enner de Ledden.

1. WÄCHTER. 't aß wôer. D'Zeïte gin emmer schlächter;
25 Su d'Dosend Eer, 30 d'Pond Botter. Wie
kritt nach e Maufel Fleesch ze gesin? D'Pond kast
e Frang. D'Wält muß geschwenn enner goon.

2. WÄCHTER. Vun elauter Gromperen z'ießen.

2..WÄCHTER. 't hëert een och Saachen wi keemol.
't aß jo elo e Jengelchen op d'Wält kom mat em
Huer ematzen op der Stir. 't heescht, et wir den
Antekrest.

2. WÄCHTER. 't heescht, du solls der eigentlech
zwee hun.

1. WÄCHTER. Do kemt e Bëerbrauer, en huet nach
ee Fäßchen op der Kar. Dad wir d'Affär fir eisen
Duuscht.

2. WÄCHTER. Awer käng fir cise Gäldbeidel.

9. Optrett.
D'Wächter, Josep.

JOSEP (stellt sech dronken. Sätzt sech bei de Beiar a sengt).
Drenk, drenk, Jengelchen etc. (En entschlëft.)

1. WÄCHTER. De Kärel schlëft. Dad ka sech schecken.

2. WÄCHTER. Maach d'Pont op, ech drenken.

7. WÄCHTER. Maach du et op, ech hale mein Hutt
drenner.

2. WÄCHTER. Eng gudd Anterhaltonk! Loß mech ech
drenken. Schett mer en Hutt voll.

1. WÄCHTER. Loß mer och schocken.

2. WÄCHTER. Sackertjeft, dad Bëer aß gudd.

JOSEP (los). Sauft, bis dat der emmfalt.

1. WÄCHTER. Lich emol; dad verzaapt sech huurteg.

z. WÄCHTER. Jes, mein Hutt weecht op. Hätte mer e
Brandemer hei!

1. WÄCHTER. Aß dad Glas dir nach net grôß genug!

JOSEP (erwächt). Wie licht u mengem Faaß? A, Canalgen,
der sauft mer mei Bëer! Elo helt iech der Deiwel,
oder der bezuelt et.

2. WÄCHTER. Siew rôeg, mer bezuelen der gär.

JOSEP. Dad lëßt sech hëeren. Dann hei, drenkt a Gottes
Namen.

2. WÄCHTER. Hei, Komerod, nach en Hutt voll. De
schlëft schon.

JOSEP. Dad heescht, e fänkt u, mech ze bezuelen.

2. WÄCHTER. Dad Bëer aß feng stark. Wan d'Faaß
liedeg aß, da neipen ech och e bessen. Da geß du
Uecht, dad keen di Leïch helt.

JOSEP. Der Dôd aß hire bäste Wiechter, wie soll eng
Leïch stiehle?

2. WÄCHTER. E Komerad, ee vun der Familjen, duerfir hänkt s'elo.

JOSEP. D'Komeroden an d'Frenn leie lahng an de Bätter.

2. WÄCHTER. Eng hallew Stennche gëw mir och
neïscht schuoden. Erwäch mech, wann äppes kemt.
(E schlëft.)

JOSEP. Nun op, Josep, a maach dech bezuelt. 'T ëscht
muß ech dem Grow awer nach en Zeeche gin.
Kucke wie më schlau aß, hien oder ech. Ech hale,
wann ech den zwô Lompen hei laascht äng Seit de
Baart an d'Aaperhor gëw ewäch botzen. De Spaaß
muß dem Liewe sein Eescht allzeit e bessen eremm
huelen. Se hale prächteg stall. Do, nun aß et jo geschitt.
Nu huelen ech fir mei Bëer a meng Arbecht de Gewon-n
An droe menger Mamm d'Leich vun hirem Son-n.

5. ACT.

1. Optrett.

Der Valdin hirt Zemmer.
Valdin, Bertha.

VALDIN. Kreischt mat mer, Bertha, awer schwätzt mer
vu kängem Trôst!

BERTHA. Hoffnonk aß jo nach emmer do. D'Mathild
woßt jo net bestemmt ze soon, or et de Josep aß,
den se gekäppt an der Fal fonten. Den Dëw konnt
him de Braßle verkaaft hun, an hien sall nach
neischt vum Dëwstall wessen.

VALDIN. O, wôhin ech kucken, flëen di dir Bliedder
vu menger Hoffnonk. D'Schan oder den Dôd,
do aß meng Wiell. O du ongleckleche Leïchtsenn!
D'Mansledd kenne, mat dem Schicksal ze spillen,
et woen; awer e Framensch aß vun alle Seite gebonnen,
sôbal et sech äng Freiheet erlabt.

BERTHA. Ech gläwen, e liewt nach. Loßt mer eis
mat der Mëglechkeet trësten, bis mer Noriicht hun.

VALDIN. Mëglechkeet! Wat wir op der Wält net
mëglech an iewel aß et net! Kent d'Erd net e Paradeis
sin, wann d'Mensche wellten.

BERTHA. Frelen, d'Leed geet mat bei all Creaturen as
wi hire Schiedd. De Schiedd aß e Beweis, dat och
d'Sonn schingt. Heer der net di klang Nuechtegeillchen,
wi se sech sälwer Trôst mat hiren egene
Lidder mecht! Hei leit ier Flütt. Musek hiewt de
Frôen op bis ann den Himmel an dem Trauregen
versëßt se sei Leed.

VALDIN. Kennt se mer allt nemme Kraaft gin! Ma se
mecht mech më weech.

BERTHA. Trëne maachen iech më liicht. Spillt nemmen.

(VALDIN spillt d'Weis vun: «Wenn die Schwalben
heimwärts ziehn etc.» BERTHA sengt.)

BERTHA. Wann dir et spillt, da verstin ech dad Lidd
erëscht gudd.

VALDIN. Mer brengt neischt en Trôst.

BERTHA. Kommt, loß mer eraus goon, erow an den
Dal-l, wô emm d'Uelzecht blummech Wisen mat
killem Schiedd enner de Beme sin. D'Mathild sicht
es do op.

2. Optrett.
Dem Grow sein Zemmer.
Grow, Stodheler.

GROW. De Kärel spillt e kingt Spil-l. En aß eïs wiirklech
ze lôs. An duerfir grad sin ech duebel korjëß
fir e kännen ze lëeren. Ech zweiwle net, 't aß de
sällwechten: den d'Leich gestuel huet, den huet och
de Wuechten de Streech gespillt.

STODHELER. Ech hun et ausruffe loß, dat der deem
äng grôß Belônonk gëwt, den iech de Wuechtebarbëer gëw nännen.

GROW. Gudd, dad kann eis op en hällefen.

STODHELER. Awer huet der d'Frele gefrot, we se de Braßle kruut?

GROW. Nach net, s'aß onwuol a wellt mat kängem
Mensch riedden as wi mat de Kuommer-Jofferen.

STODHELER. Gitt der hir eremm vum Barrong vu
Schibberech riedden a vum Bestuoden?

GROW. Ech fierten, ech hun dem zevill versprach.
Vleicht bedänkt se sech och anest. De Barrong aß e
jonge Mensch, den net ganz greißlech aß. En huet
vill Lëer, an eigentlech aß un em wedder neischt
auszesätzen, wi dat en e vollstännege Gäck aß.

BEDENGTER. De Barrong vu Bibberech a vu Schibberech.

GROW. Feer en eran. (Stodheler a Bedengter fort.)

3. Optrett.
Grow, Barrong.

GROW. 't deet mer led, Här Barrong, wat geschitt aß.
Ma ech se frô, dat den Iirtom net më lang gedauert
huet.

BARRONG. Den Iirtom dauert nach bei ierer Duechter,
soß gëw se mer hirt Jowuurt.

GROW. Ech hoffen, dir huet ke Mangel am Prisong
gelidden?

BARRONG. Ech leiden es nach wi an der deierster
Zeit. Ierer Duechter hirt Härz aß de Fruuchtspeicher,
de Gromperekäller, d'Fleeschheißen, an alles hält
se gespaart enner siwe Schlässer.

GROW. Huet iech di Aussiicht aus der Prisongsfenster
gudd gefal? Di hëch gro Fielzen em de schënen
Dal-l: d'Uelzecht an d'Wisen a Garden, d'Nuechtegeïllercher
ann den Häcken.

BARRONG. Ierer Duechter hir Hand war mer nemme virun den Aen.

GROW. Eng gudd Gelehenheet fir duurch d'Fanger ze
kucken. Dir gitt dach nach net huurteg eremm
heem, Här Barrong?

BARKUING. Ech hoffen net, als jonger Gesäll hannescht
ze goon.

GROW. 't aß sche Wieder fir ze resen. De Wand aß
op der gudder Seit. De Barometer geet ann d'Luucht.
Kännt der äppes vum Barometer?

BARRONG. Zimelech, awer — Här Grow —

GROW. D'Wieder bleiwt äng Zeitlang gudd.

BARRONG. Dir huet mer versprach —

GROW. Spreechen heescht riedden, ech hu mech verried.

BARRONG. Ech hoffen net. Dir huet mer zôgesot.

GROW. An ech hätt iech sollen opsoen, net?

BARRONG. Mei Gleck hängt un der Hand vun ierer
Duechter.

GROW. Da'aß neischt, si wescht et ow. Verzeit, Här
Barrong, ech hun elo äppes ze maan, wat sech net
opschuppe lëßt.

BARRONG. Nach ee Wuurt.

GROW. En anermol zwee, dreï, vëer, fennef, sächs a
vill. Äde.

BARRONG. Ech komme geschwenn eremm. (Fort.)

GROW. Eng verflucht Geschicht! Wann een esô Ledd
duurch en Iirtom geluoden huet, da gett een hirer
net më anescht laß as wi duurch Grobbheeten.

BEDINGTER. E Man an ängem Mantel gëw gär mat iech schwätzen.

GROW. Breng en eran.

4. Optrett.
Grow, Josep (mam Mantel iwer de Kapp).

GROW. Wie sit dir?

JOSEP. Mein Numm det neïscht zur Saach.

GROW. Wuefir verstoppt der iert Gesiicht?

JOSEP. Fir iech ang Wôerecht ze soen.

GROW. An de wir?

JOSEP. Der huet dem äng grôß Belônonk versprach, den
iech set, wien d'Wuechten bei der Leich esô dru kruut.


GROW. Da'aß wôer. Kännt dir en?

JOSEP. Ech sällwer war et.

GROW: Dir sällwer. Wi huet dir dad gemaacht?

JOSEP. Ech gôw hinnen e Faaß Bëer. Wi daad ledeg
war, du waren si voll.

GROW. Hues du d'Leich gestuel?

JOSEP. Jue.

GROW. Wie war et?

JOSEP. Mei Brudder.

GROW. Wien haat em de Kapp owgeschnidden?

JOSEP. Ech. Hie wollt et hun, an ech hu mußt.

GROW. Wë kommt der ann de Goldtuur?

JOSEP. Duurch e Lach ennerem Buodem. Loft et zô
maueren.

GROW. Hues du menger Duechter de Braßle gin?

JOSEP. Ierer Duechter? (lues) Jesses, war et d'Frelen?
Nu heescht et lôs ze sin a king. (hard) Jo, ech hun
hir e gin.

GROW. An hir egen Hand?

JOSEP. Neen, duurch en aner.

GROW. Wat fir äng Strof wells de hun?

JOSEP. Dë der am Stand sit mer ze gin.

GROW. Da geng et der schlächt.

JOSEP. Wie wees!

GROW. Mängs de, ech hätt käng Muecht?

JOSEP. Dad net, ma net ier Muecht huet mech hier
geruff.

GROW. Da'aß wôer, awer meng Belônonk. Wat wellis
de hun?

JOSEP. Ier Duechter.

GROW. Du baß king.

JOSEP. Äde, Har, fir hätt. (E leeft fort.)

BEDINGTER (sprengt erbei.)

GROW. Laaf em no, sich en, en duurf eïs net nach entweschen.

BEDINGTER. En aß net weit. Ech brengen en. (Fort.)

5. Optrett.
Grow. Gleich derno de Bedingter.

GROW. Neen, da'aß äppes Onverhofftes. E gett sech
sällwer un, a verlaangt meng Duechter als Lôhn.
Esô hun ech mer en net geduccht. 't aß e schë gewuelene
Man, grôß! A wat secher aß, en aß gescheit,
en huet Gescheck a Mut. En aner Kierel wi
de Barrong vu Schibberech. En huet mech fräch
bestuel. A soll en och eemol en Dëw gewießt sin, e
Spetzbôw aß en net. An alle grôße Männer leit de
Stofft zu allem Gudden a Schlächten. En huet
mech fräch iwerfuedert, da'aß wôer; an dach, ech
weeß net, ech kann en net haaten. Ech muß en
eremm gesin, net gerad fir en ze strofen. Sei freit
Wesen a sei Gleck gefällt mer.

(Bedingter kemt.)

GROW. Brengs d'en net mat eremm?

BEDINGTER. Neen, da'aß der Deiwel, dem si mer all
ze domm. Ech lôf em no. Bei der Schlaßpaart
kôm ech bei en. E këert sech frendlech ermm a fret,
or ech de Man wir, den dem Grow sei Gäld esô
trei bewaacht hätt. Ech sot: Mei ja. A gôw de Grow
och bestuel, mer hun den Dëw dach kritt. An dech
och, sot ech, an ech paken e fäst mat der Hand,
dë e mer ennert dem Mantel eraus reecht, a ruffen
Hellef.

GROW. An du?

BEDINGTER. Op eemol mecht en e Spronk a fort
an ech behôl d'Hand am Grapp.

GROW. Wiem seng?

BEDINGTER. Engem Dôdege seng. En haat geweß
der Leich s'erowgeschnidden.

GROW. Wien hätt esô äppes konnt dänken?

BEDINGTER. Ech net. En aß eïs ze schlau. Mer krëen
en net. En erdänkt sech seng Ausween esô sëer, as
wi en se brauch.

GROW. E famëse Kapp! Mer mussen en hun, ech well
e känne lëeren. A geet et net mat der Gewalt, da
geet et mat der Schlauheet. .

BEDINGTER. Wë dan?

GROW. Ech gin de Lôn, den e gefuordert huet.

BEDINGTER. Ho, der wellt —

GROW. Him meng Duechter gin. Dad kemt ee korjës
fir. Ma meng Duechter gëw neischt derbei verlëeren.

BEDINGTER. Bedänkt dach, wat en .. .

GROW. Gemaacht huet. Dad weeß ech. Awer ech fille,
wat en aß.

BEDINGTER. E jonge Mensch voll Verstand a Kraaft;
da'aß richteg.

GROW. An esô e Kadätt wellt ech fir Edem. Ma meng
Duechter well ech net zwangen. Gefêl en hir awer,
ech lëß er de Well.

BEDINGTER. Wat aß ze maan?

GROW. . . . Gleich bekannt maachen, dat de Man, den
de Muorgen di Hand hei am Schlaß geloß huet, soll
kommen an meiner Duechter hir Hand an d'Plaaz
huelen, wann d'Frelen him se gett.

BEDINGTER. Ja, waan! Do a8 en Ho'k, duerun
hänkt sech esô e schlauen Komerad net.

GROW. Dad wärd sech weisen.

6. Optrett.
Am Gard.
Valdin, Bertha, Mathild, Schortgen.

MATHILD. Ech soon, et geet mech an, as wann de
Josep nach gëng liewen. 't waren hirer zwën, de
schlauste gông net vir an d'Fal.

VALDIN. O stel-l, all Riedden helleft neischt, 't mecht
mech nemmen më ledeg a voll Angst.

BERTHA. Do kemt de Schortgen. Loß mer heeren, wat
den eis brengt.

SCHORTGEN. Frelen, eisen Här lëßt froen, or en
d'Ëer kennt hun, fir mat iech ze riedden.

MATHILD (lues). De fänkt ewall u reffenëert ze gin.
(hart) Frelen set, e soll eraakommen.

7. Optrett.
De Vireg. De Barrong.

BARRONG. Frelen, ech kommen hätt mat ewëneg më
Mutt als wi soß, wäll ech duurch iech gelidden hun,
wat sech net set.

VALDIN. 't deet mer led, 't war e Mißverständneß.

BARRONG. Deet iech led? O da'aß net genug. E Mier
vun Trëne soll der kreischen, esôbal iert Heerz
sech erweecht huet fir mech.

MATHILD. Jo, 't deet eis all led fir iech, Här Barrong.

BERTHA. Verzeit der Frelen, wann se net ried wi dir
et gär hëert; s'aß ganz verstemmt.

BARRONG. Ech si komm, fir se ze stemmen, dat se mer accordëert.
An ech schwätze mat hier an net mat iech.

SCHORTGEN. Eisen Här geet allzeit bei di rächt
Schmett.

BARRONG. Iere Papp gôw mer ze verstoon, an ech
wees, dat dir mech hemlech gier huet. Ech froen net
më duorno. Ma ech kommen fir iech ze froen, winë
dat mer eis zesumme bestuoden.

MATHILD. Wann d'Schleeken iwer d'Brohche beselen.

BERTHA. Wann een Kwätsche kann vun den Hombuche reselen.

MATHILD. Wann d'Fräschen vam Waaßer gin dronken.

BERTHA. Wann di Dôdeg ann de Griewer ronken.

VALDIN (zô de Medercher). Loßt, Kanner! ....

(zum Barrong) Här Barrong, ech hun iech beledegt.
Kennt der mer verzeien?

BARRONG. Ech verzeien iech.

VALDIN. Dan aß eis Rächnonk gemaacht, an och ganz romm.
An dad ech iech net huelen, dad verzeit mer nach op d'Somm.

BARRONG. O du stängen Häärz!
Aß dad den Dank fir mei Prisong, fir mei Leed?
Nu sin ech jo ganz an d'Schan gekleet,
As wi de Bauer bis un den Hals am Tirteg geet,
An de Spott geet viru mer duerch Staad an Duerf
A jeitzt: E kruut vun der Joffer Sigfrid de Kuerf,
Wäll e virun der Märt seng Fanger net konnt halen,
An ann der Wältgeschicht no dausend Jor wärd et heeschen:
De Barrong vu Schibberech, dad wär e schlächten, e kweeschen,
E gông emal no Letzeburg freien
An als Dëw ann de Prisong leien.
Dad soon a schreiwen se, ône ze wessen,
Dad ech net hun äng Bôn um Gewessen.
Wan dad net wir, da lëß ech mech zessen.
...Do kemt de Grow, de wärd d'Saach nu entscheden.

8. Optrett.
De Vireg. De Grow.

GROW. Wann ech et kent, ech dët et mat Freden.

BARRONG. Versprôcht der mer net ierer Duechter hir Hand?

GROW. Dad versprôch ech wuel halwer, ma ganz mat Verstand,
Dad heescht, wann sii iech gëw wellen;
An hellt sii iech net, dir mußt iech gedellen.
Mer gehëere jo net zu de Wellen,
Wô sech all Verspreeche sô knapps muß erfellen.
Vun ängem hemlege «wann» an «oder»
Durf ängem d'Zong net schwellen
An och net wueßen op d'Lëwt eng Bloder.
Ech ka meng Duechter jo net zwangen,
Dem Här Barrong un den Hals ze sprangen.
Da kôm nach een aner hannen no,
Wi dir als Edem nach lôgt op der Wo;
Dir weit mir gleiche schwëer, wi ech gesin.
Dir weßt, ech haat mei Versprieche gin,
Dem, wat e gëw wellen, ze schänken,
De mer de Braßlesdëw kennt fänken
Oder och nemme nänne gëw.
Nu kôm de Man a nännt mer de lôsen Dew,
De Josep heescht, als wi e sot.
De Man huet nu als Lôn mir zur Schmod
Gefuerdert meng Duechter zur Fra.
Lëwer gëw ech em aus mengem Kapp ent A,
Ma mei Wuurt, dad well ech halen,
Soß nännen d'Ledd mech desen an dien,
An ee vun iech bëde wärd menger Duechter gefalen.
Sii huet nu ze wiellen iech oder hien.

VALDIN. Neen, neen, an dausendmol neen!
Ech well vun dene bëde keen.
O hellef mer nu, mei lëweger Gott,
Se welle mech maachen der Wält zum Spott.
Op de Stroßen gëwen d'Medercher sech et verziellen:
Se huet e Gäck oder e Verrëder mußt wiellen.
Mengem Papp sei Verspriechen aß huel.
Di Freiere sti bei mir allebëd sech schmuel.
An huet de Josep och nach emol gestuel,
Da soon ech dach, as we et aß:
Dir kritt mein Härz vun dem schënen Dëw net më laß.

GROW. Dan hues de den Dëw an de Verrëder gären.
Hei stin an änger Persôn di Hären.

VALDIN. Josep, o mei Gott!

9. Optrett.
De Vireg. Josep.

JOSEP. O Valdin, wat e schënen Daag!
Zu eisem Gleck gett nu äng iwel Saach.
Deng Lëw kuckt dew op mech erof,
Meng Lëw zu dir, se hiewt mech hëg.
Ech war kee Barrong, si kee Grow.
Dei Papp, wat selen ee vleicht mëch,
Bekuckt deß Wält mat vill Verstand,
A glecklech mecht e mech an och sei Kand.

VALDIN. Loß mer him gin allebëd eis Hand,
Mer man hie glecklech duurch Lëwt a Verstand.

JOSEP. Esô soll et sin.

SCHORTGEN. Wiem d'Gleck wellt weisen de Weh,
De ka Fesche fänke mat der Holzheh;
A wie fit d'Gleck aß opgewues,
Dem kallewt all Johr en Ues.

BARRONG. Stel-l, onausgebilt al Baaß,
A lo mech erausspeitze mein Haaß.
Ech lôf mengem Gleck no ewi den Hond ängem Hues,
An esô en helt mer et ewäch virun der Nues!

GROW. Här Barrong, nu sit dir dach getrëßt,
Wa meng Duechter iech och verstëßt,
Wall iech iert grôßt Gleck net verlëßt,
Dad iech d'Leed mat grôßartege Gedanke versëßt.

BARRONG. Här Grow, dad danken ech och elo.
Mir aß d'Liewen nu nach net gro.
Der Growendiechter, obo!
Den hëgen Himmel aß jo blo:
AB äng fort, zing aner sin eremm do.

SCHORTGEN. Dad nännt e schwätze mat Verstand.
Mir resen nach duurch munnecht Land;
Ee Kuerf, de mecht mein Här net well.
Mat ville Streeche gett de Stackfesch mell.

JOSEP. Huet iech vun Ufank bis un d'Änn
Eist Spill gefal, da kleckt ann d'Hänn.