21. D'Verben am Lëtzebuergeschen
-
Beim Konjugéiere vun de Verbe geet ee systematesch vum Lëtzebuerger Infinitiv aus. D’Zuel vun de Konsonante virun der Endung gëtt bäibehalen, ewéi bei spillen an hie spillt oder falen an du fäls
-
Beim Konjugéieren hält ee sech och konsequent un d’Regele vun der Längt vun de Vokalen, ewéi bei molen an du mools oder falen an hien huet gefaalt
No engem kuerze Vokal muss de Konsonant verduebelt ginn, wéi bei falen an hien ass gefall oder päifen an du hues gepaff
-
Gëtt de Konsonant um Enn vum Wuert haart ausgeschwat, gëtt dës Verhäerdung och geschriwwen, wéi bei landen an hie lant oder reiwen an du reifs
Ausnahm:
D’Hëllefsverb sinn schreift een an der 2. Persoun Pluriel: dir sidd (an net: dir sitt)
|
|