D'Léierchen

Kaum huet d'Feld dat frëndlecht Feier
Vun der Aussentssonn gesunn
Ás mam Plou aus Stall a Scheier
D'lescht e Bauer ausgezunn.

Fir de Plou em nach ze dreiwen
War säi Jéngelchen aläert,
Deen nët wëllt doheem méi bleiwen
An e souz um viischte Päerd.

Op der Schëllche stoung ze denken
D'Léierche mam Häerz voll Lidder
Fir de Béifchen nach ze zänken
Duckelt s'an de Som sech nidder.

Bis e laascht war, an du stëmmt se
Un e Liddchen, datt et kraacht
Op der Nouteleder klëmmt se
Datt dem Béifchen d'Häerz alt laacht.

An du sot en: Papp, ech mengen
Bal de Vull dee kénnt och schwätzen.
Lauschter, sot de Papp zum Klengen,
Ech kann d'Liddchen iwersetzen.

Bas de do, mäi léiwe Frëndchen
Ma de Wanter dee war laang!
Kuck, ech hat keng fréilech Stënnchen
'T war fir dech a mech mer baang.

An du koum ech dech besichen
Well du goungs nët méi eraus
Mann wat hues jo du eng Kichen
Wat eng Scheier wat en Haus.

Wi zerguttster, a wat Saachen!
An déng Fräche gouf mer Brout.
An déng Kanner, wi se laachen,
An hir Bäckelcher, wi rout!

Jo, bei dir as Rot nët deier!
Jo a kuck mer wat eng Mëscht.
Dat gët Saache fir an d'Scheier
An och Suë fir an d'Këscht.

Muerges waars de schuns um Dreschen
Ir der Daudes d'Schung sech stréckt
Bas am Do duurch Wis a Päschen
Laascht all Waassergruef geschréckt.

Jaa, dir wäerd schuns näischt entlafen
A keng Bessréng geet verluer
Wien dech géif fir Efalt kafen
Krit jo fir sät Geld keng Wuer.

Eemol koum en aarmen Alen,
An ech houl et wuel an Uecht
Dass de gouf dem schwaache, kalen
Vun dem Dësch de ganze Ruecht.

An du schécks e bei den Uewen
An du schwaats em Freed a Mutt.
Bauer, kuck ech muss dech luewen
Du gefälls mer vill ze gutt.

Duecht ech wuel, du géifs bal kommen!
D'Hieselhecken hu geblitt
An de Schnéi as all verschwonnen
Dann as d'Zäit jo datt ee plitt.

Riichteg, gläich beim Fréijoorswëndchen
Këmms de mat dem Plou gezunn;
Frou as wi e Kirmeskëndchen
Sin ech nun erbäi geflunn.

Du waars fir mäi Kannerträppchen
An dem Frascht de guttste Mann
Án dir sange fir all Gräppchen
Ech all Lidder déi ech kann.

Weess d'och, alles huet dech gären
D'ganz Gewan se mécht der Freed
Kucks de no a kucks de fären
Alles gréisst dech wäit a breet.

Do as d'Wis am grénge Kleedchen
Kuck wi laacht se dir sou léif
D'Grieschen och hiirt butzeg Meedchen
Kuckt der no a steet op d'Zéif.

An ech hu mam Weesseseemchen
Och schuns dénger Rieds gehat,
Mart all Wis a Feld a Beemchen
Hun och vun dir geschwat.

D'Wis, déi sot: ech brénge Fudder
Fir séng Päerd a fir séng Kéi
An de Klé och hire Brudder
Sot: ech bréngen em nach méi.

An de Weess versprouch nët manner:
Waart, ech man de Bauer frou
Well ech brénge sénge Kanner
Kiirmeskuch a Freed derzou.

D'Patte loossen d'Beem mer kucken
Soten all: mer dun eist Bescht.
Looss äis nach e wéineg brucken
Stäipe muss en all eis Äscht.

D'Rief se huet mer och eng Seechen
Niechterowend scho verzielt
Vun dem allerbeschte Greechen,
Deen se fir dech auserwielt.

Looss e wéineg nach gewäerden
Bauer o da gët et Freed
Kuck mat wäisse Wolkenhäerden
Fiirt jo d'Sonn nu schuns op d'Weed.

An den Himmel kuckt sou frëndlech
Grad as wann e schwätze géif:
As der Eppes, so em 't mëndlech,
Well ech weess du bas em léif.

Wëlls de Blummen, Bléie, Blieder
Fruucht an Uebs an d'Gras och grouss
So et! O dat schéinste Wieder
Huet e jo fir dech am Schouss.

Jaa, du wäers och nët vergiessen
Fir déng Fra de Määsch a Fimmel
An de renge feine Fliessen
Soll hir bléien wi den Himmel.

An ech mengen och nach halwer
Häss de gären nach alt wuel
Schéi jong Fillen, lëschteg Kalwer
An och Lämmercher eng Zuel.

Haltla hee! nu looss dat wuessen
Well zum leschten häss de gär,
Datt der kalwe sollen d'Uessen,
Datt de Bauer géif en Här.

Guer ze räich as nët vum Beschten
D'Kiirmes mécht eis all gelott.
An de Räichen huet zum leschten
Némme Geld a guer kee Gott.

Zënter datt den alen Uedem
D'Paredäis der huet verluer,
Hal dech fest dach um Äerdbuedem
An um Kolter an um Schuer!

Schlecht vun Uebs a grousse Bëscher
Hun zum éischten d'Lett gelieft
Hei als Jeër, do als Fëscher
Hallef wëll dohier geschwieft.

An eng Hiel, en Daach vu Reiser,
Hott gebaut a muer vergiess,
Waren deemol nach hir Haiser,
Wou se plakeg hu gesiess.

An nun, heescht et, hätt op Äerden
Gott en Engel hier geschéckt,
Deen den aarmen Mënschenhäerden
Weessen-Éigen hätt gepléckt;

Deen och hätt se do geléiert
Wi een d'Käercher reng zerdréckt,
Wi een d'Miel an d'Waasser réiert
An am Feier d'Brout sech béckt.

Wien huet d'Äerd nu d'éischt gegruewen
Op den ale Wues geruet?
Deen als Bauer as ze luewen
Deen de Som mam Feld bestuet.

Dem Gescheiten nu séng Jongen
Gin nach weider, léiren zou.
An de Stéier gët gezwongen,
Dun en zitt den éischte Plou.

Drop erfannen s'och eng Millen,
Déi se dréie mat der Hand;
An se ackren an se zillen,
An se liewe mat Verstand.

D'Nout deet sichen, an se fannen
Emmer schéiner man se d'Liewen
D'Fralett léiren d'Woll nu spannen
An zu Duch de Fuedem wiewen.

Vill schéi Saache lougen déiweg
De Gescheite bruecht se duer:
Bauer sief am Fach du préiweg
Notzt hett nët, d'notzt et muer

D'nei Erféndonk muss de préiwen
Séimaschin Hobitzeplou.
Wou et geet, do wäers d'et lérwen:
Wuel, et geet nët ëmmerzou.

Liichte Buedem, liicht as d'Pléien
Riicht déng Éigen no der Scholl,
Missen dräi deer Päerd s'och zéien;
Deemno Buedem, deemno d'Roll.

Looss déng Pléi a Wone maachen
Vun em Meeschter an dem Stéch,
Well et geet an dene Saachen
Ganz exakt a bis an d'Bréch.

Lauschter, Bauer dët as richteg
Alles geet wann s du gutt gees,
Wa's de méchs 't as alles wichteg
Fir d'ganz Ménschheet wéi s de weess.

Aner Lett sin och wuel ierdeg
An se maachen dët an dat
Oune dech da sin s'all fierdeg,
Bauten s'och aus Gold hir Stad.

Fir der d'Aarbecht liicht ze maachen
As och alles gutt gesënnt.
Wat Maschinnen a wat Saachen
Ee jo hett fir dech erfënt!

Kuck emol di ural Weën
Iwer Hiwel Steen a Kniwel
Dáf Geléiser an de Leën
Am Moraas bis twer d'Stiwel.

Elef Päerd u fnnef Zenner
An om Iesel d' Méscht am Sak.
Ee Gespann a stwe Männer,
Mat der Gäissel klick a klak!

Himmel Häll an Donnerwieder
Alles gouf dann ugejaut:
Aus dem Eisen aus dem Lieder
Fueren d'Päerd mat zrassner Haut.

Këmmt nu zréck d'Gefier un d'Rennen
Schleeft et d'Béischen op de Récker
Ir ee kann e Mëttel nennen,
Trellt d'Gespann an dausend Stécker.

Kuck nu d'Stroossen, déi sech zéien
Kräizwees hin an hier duurch d'Land:
Wi d'Gespänner driwwer fléien!
A geféiert vun em Kand.

Iwer Suppen sti schéi Brécken,
D'Leë sin ewech gehan
An du kanns och oune Zécken
Dag an Nuecht déng Rees nu man.

Wann de Bierg sech héich och wénkelt
Bis un d'Wolken wi eng Buurg
Wou de Wee nët driwwer krénkelt,
Geet en Tunnel drënner duurch.

Héischt et päifen, wäit vu fären?
An de Buedem, wi e schuddert!
Récken d'Fielzen aus de Lären?
Stolz këmmt d'Feierpäerd geduddert!

Ëm séng Héif, kuck, wi et fonkelt
Séng Geschwënnheet mécht dech dronken
Wou säin Otem d'Sonn verdonkelt,
As säi Wee op gliddeg Quonken!

'T këmmt dohier as wi der Donner.
'T rennt ewech as wi geblëtzt,
'T hëlt mat fort wi duerch e Wonner,
Wien op séngem Suedel sëtzt.

Fro: Wouhier? Vun allenennen.
Fro: Wouhin? Wou Mënsche sin.
Wëlls de rondëm d'Äerd mat rennen?
Setz dech op a fuer dohin!

Dat as d'Feier, dat as Eisen,
Waasser, an der Mëschenhand.
An de Mënsch dee këmmt beweisen,
Wat e kann duerch säi Verstand.

D'Mënschheet huet hiirt Spill gewonnen,
All Natioune si verbonnen;
All Entfernonk as verschwonnen:
D'Jor sin Méind, an d'Méind si Stonnen.

Fäert nët méi de groussen Honger
Mécht de Frascht déng Somen dout
Well de Yankee wi den Onger
Schécke gutt a wuelfeel Brout.

'T war e Bauer no um Stierwen,
Deen zu sénge Kanner sot:
Wéineg wäerd der vu mer ierwen,
Hun ech mech och vill geplot.

Kleng as d'Zuel vun eise Stécker
Awer eent as dach ze luewen:
Well an engem vun de Récker
Läit e Quascht vu Gold begruewen.

Sicht hei vir a sich dohannen
Doëruechter, an der Mëtt:
Grueft a wullt, der wäerd et fannen,
A vergiewes sicht der nët.

Wi de Papp nu war begruewen,
Gin séng Jongen sech un d'Sichen:
Läit et ënnen läit et uewen,
Dat war séier dénn ze richen.

Mat den Hele, mat Pioschen
Worfen s'alles duercherneen
Ma se fannen nët e Groschen,
Nëmme Buedem, Sand a Steen.

An du gouwen s'onzefridden
Well hir Aarbecht war nët licht:
Hat een aner se virschnidden?
Hat de Papp se vläicht beriicht?

An den Eelste sot: Nun hu mer
Wuel gedresch dat eidelt Stréi
Duerch de léiwe laange Summer
A verluer as all eis Méi.

Dach a Gottesname séien
Looss mer dran nun eise Weess,
Datt en aner Jor mer kréien.
Eppes dach fir eise Schweess.

An se séiten an hir Stécker:
Gouf jo dat eng Fruucht derno!
An der Fur wi op de Récker
Stoung as wie Ridd se do.

Jo an hätt een dra geschiwen
Och e Rad vun engem Plou,
Riicht op wir et ston dra bliwen.
Denkt, du waren d' Jonge frou!

An se soten: Jo nun hu mer
Fond, wat eise Papp äis sot
A mer hun am hed ie Summer
Äis nët ëmmesoss geplot.

Da's eng Seeche, léiwe Bauer
Awer gutt fir dech erduecht:
Gët der d'Aarbecht dack och sauer
Huel dat Bäispill do an Uecht.

Mat der Aarbecht d'Feld beléien
Bréngt der Ligen och an d'Dëppen
Wëlls de Fruucht hun, musst de pléien
An nët schënnen oder strëppen.

D'Feld muss Loft a Waasser drénken
An der Sonn hiirt frëndlecht Lucht
Schungsdéif muss et Enne blénken
Hannrem Plou der an d'Gesiicht.

Räiss eraus all Steen a Bréimer
Hannrem Plou dech dack gebéckt!
D'Dëschlen aus der Wuurzel zéi mer,
Datt der d'Fruucht nët dran erstéckt.

Ma du muss doraus nët schäffen
Datt sech dat op eemol

Brooch eraus den haarde Buedem,
Bei der Rouer pléi en an,
Datt de zaarte Wuurzelfuedem
Plaz kritt an da wuesse kann.

Ma du muss doraus nët schäffen
Datt sech dat op eemol méich
Dat ze wéineg geet op d'Häffen
An zum Halsbroch dat ze Héich.

Wien sech nët kann Otem schafen
Wann de Balleg nët méi geet,
Wäerd sech draus och wuel nët lafen
Wann en d'Saach zerguttst versteet.

Huel déng al verduerwe Stécker
Déif mam Plou, ma no der Rei,
Dët Jor dee vu wéineg Récker
An dat anert Jor deen hei;

Dass de kanns de Buedem defen,
Well e Wellen as kee Krëscht,
An dat mécht ee mat den Hefen
Vun der allerbeschter Mëscht.

Ir e ganz sech dach bekéiert
Sin dack zwielef Jor vergaangen,
Wi dErfaronk huet geléiert:
An dat sin der vun de laangen!


Op de Biergen, an de Grënnen
Dausendfach an ëmmer anescht,
As de Buedem uewen ënnen,
Bei der Musel wi bei Manescht.

Wi as dat nun all entstanen?
Wie verzielt äis wat geschouch,
Ir di blénkeg Fruuchtgewanen
D'Äerd an ir se Mënschen droug!

Ir den Dostär an d'Planëiten
An um Himmel s'alleguer
Ëm hir Sonne schéin sech dréiten
War keen Hett a war kee Muer.

Liicht a Loft an Äerd a Waasser
Feierniewel duurcherneen
D'Elementen déi sech haassen
Danzen do nach mateneen.

Wie beschreift all Gotteswonner!
Lues a lues mécht d'Keelt sech Här
D'Läicht an d'Schwéiert gin nu sonner:
Stenge Schuel an Feierkär.

D'Wolke falen, d'Niewel sénken
Mier a Fielzen sin nu do
Honnertdausend Stäre blénken
D'Luucht as klar, den Himmel blo.

Awer déif ënnen Damp a Schwiewel!
D'Feier werft an d'Luucht séng Schuel.
Glouseg Baachen, Aschenniewel!
Bierg a Baschten oune Zuel.

Op gejot aus séngem Leër
Stremt d'Mier d'nei Bierg erof,
Wi eng Biffelhäerd, déi d'Jeër
Stéire king am Mëtteschlof.

Plakeg stin nu d'Bierg derhanner
Op de Gléchte läit de Läpp
Wou der Äerd hir frëndieeh Kanner
D'Planzen hiewe frou hir Käpp.

Looss mer nët de Kapp zerbreechen
nët mat dene Saache bint
Wuer d''Geléiert bal nët reechen,
Bleiwe mir mam Plou am Gaang.

Ganz verschidde bei de Mënschen
As de Sann all uechter d'Welt,
A ganz sele wi mer wënschen
'T as nët anescht mat dem Feld.

Ent as santeg, dréche, wakeg
Anert schwaarz a mudleg moll
Wou et schwéier as a spakeg,
Gét am Summer haart séng Scholl.

Dét as puffeg, liicht a schlappeg
Wi der Lenzsot wuel et guet
Dat as stäif, am Frascht nët happeg
Wi dann d'Haartfruucht gär et huet.

Bréngt e schwaacht Gespann vu Kéien
Hei derduurch dee liichte Plou
Misse véier Päerd drun zéien
Wat se kënne soss enzwou.

Héich läit dët, dat anert niddereg
Bal as Leem bal Stee säi Bett,
Héi gin d'Hällem dënn an ziddereg,
Flatscheg do, an dack ze fett.

Eent bréngt Bichent anert Eechent,
Anert nëmme Ginst an Heed,
D'Wis as vun Natur bezeechent,
Schlechte Buedem dréit keng Weed.

Solls de brooche schon vir dem Wanter
Oder besser d'Aussenzäit
Huel d'Erfaronk dir als Lanter
Wou der d'Saach am Donkele läit.

Liichte Buedem dee wellt bleiwen
Duurch de Wanter an der Rascht,
Ma de schwéire, feste, steiwen
Mécht een affe gär dem Frascht.

Wi der nu de Mond och wässert
No der allerschéinster Fruucht:
Gutt beaarbecht gutt gebessert
Dann deet d'Feld der all séng Duucht.

Naasse Buedem héich op Récker
'T mécht de Planze froue Mutt.
Vëlleg Fure queesch duurch d'Stécker
Dun dem Som am Wanter gutt.

Dréit eng Wis hei Bock a Jénken
Do dënn Hällem op dem Hiwel
Dou se héijen, dou se sënken
An dränéiren, 't wir soss twel,

Dach vergiewens as all Schaffen
As déng Méschtekaul ze kleng
Well beim Wanen wi beim Saffen
Sin dann d'Käercher liicht a kleng.

Looss däi Feld den Hunn dack héiren
Deen om Méschthaf houfreg kréit
Soss as d'Broochen an d''Dränéiren
Ëmmer dach op näischt gedréit.

Wéineg Feld a vëlleg Fudder
Gët vil Mëscht a wéineg Plou.
Schankemiel a Kallekspudder
Dreiwen d'Planz aus Lanler Rou.

Awer hitt dech vir dem Kallek
Huet de Buedem Kalleksteen
Well do spillt en dir de Schallek
An däi Feld seet motzeg neen.

Gutts deet d'Feier och an d'Brennen
Wann een ale Wues opruet,
Ma déng Plaze muss de kennen
Wou et notzt a wou et schuet.

Dréchne Wues op Ginstefäschen
Stécht een dack am Éislek un,
Well do d'Feier an och d'Äschen
Eeschtlech gutts dem Buedem dun.

Wéineg gët dervun an d'Millen
Wou de Buedem leemeg as
Well do brennt en sech zu Zillen
An dier gës de méi lass.

Besser dack wi Méscht a Feier,
(Dal Erfaronk seet et jo)
As d'Geresch vun al Gebaier:
Zwanzeg Jor laang hält et no.

Dass de d'Piff vun dénge Béischten
nët op d'Stroosse lafe léiss
Soss seet d'Feld, dat as e Wéischten
An déng Some gin der béis.

Fir déng Wise muss de kennen
Vun dem Fléizen och den Zock
Well et daagt nët allenennen
Hongrecht Waasser mécht der Bock.

Wou kee Méstes, as kee Krëstes,
Da's en ale Bauresproch,
Ma deen aner (soss vergëss d'ës)
Widderhuel der sechsmol d'Woch.

Schirble vun de Branntwäinsklucken
D'Schuel vun Affekoten-Nëss,
Owens Kaarte, muerges Brucken
Gér schlecht Dong; dat as gewëss.

Wi de Buedem, sou verschidden
Sin och d'Planzen déi mer hun
Wou di eng si gär zefridden
Sin di aner iweldrun.

Kuer a Wëllkuer gin a liichter,
An de Weess a steiwer Scholl;
Koul a Geescht déi ma Gesichter,
Stin se nët a fetter Moll.

Maansdéif Buedem wëllt de Lisär
Sand a Kallek duurcherneen
Fir de Steekléi as et Misär
Läit ze no de Leem a Steen.

Léiflech blo as wi den Himmel
Steet de Fluess am dompe Stéck,
Awer d'Wierk mam Määsch a Fimmel
Huet am fette Suewel Gléck.

Setz op d'waremst Plaz déng Riewen
Wou en d'Sonn kann Emmer laachen
Datt eng Stënnchen si am Liewen
Gär dir schéin a glécklech maachen.

D'Somfruucht nu, déi muss de wielen,
Bauer, héier u mäi Rot,
Datt der d'Onkraut nët këmmt stielen
All déng Aarbecht mat der Sot.

Duurt a Fëtz, a Rued, wëll Wécken
Brénge soss déng Fruucht an d'Nout,
Sinneft këmmt der d'Lenz erstécken
Kouweess fierft der schwaarz däi Brout.

Wiessel d''Somfruucht, wëlls de räich gin
D'Feld as mat der friemer frou;
Wann och d'Käercher dann sech och gläich sin
'T helt a Kaascht a Sieschter zou.

All Jor wiessel mat den Aarten
Zweemol enges bréngt kee Gléck
Fir an d'Scheier gin déng Faarten
Da fir d'zweet der keemol déck.

Haartfruucht, Huewer, Kléi a Wécken
A mat Speise wiessel of
Eemol mëschten zweemol plécken
Gét et dräimol, 't as eng Gof.

Hitt dech vill am Land ze pautlen
'T bréngt de Bauer ëm de Plou;
Léier selwer d'Feld nët fautlen,
Schwaache Stécker looss eng Rou.

Fir d'Gedéiesch ze verschälken
Vun de Käercher Wuurm a Mued
Sin der vill déi d'Somfruucht kälken
Notzt et näischt, 't mécht och kee Schued.

D'Sotzäit nun, déi muss de wielen
Léiwer Dréchent als wi d'Nätzt
D'Mëttelmooss drop kanns de zielen
Wann ee séit a wann ee setzt.

Fir gutt Wieder solls de bieden
Eiser Herrgott féiert d'Sonn
Ma vergiess dobäi nët d'Jieden
'T mécht dem Feld eng nëtzlech Wonn.

Fort mam Onkraut, dat as d'Iwels
Hal déng Soten dovu sonner
Gëf der Méi, well fir d''Gekniwels
Deet der Wieder nët e Wonner.

Zräiss de Buedem, zräiss féng dack en,
D'Éig an d'Rolle musse schaffen
Solle Weess a Kléi gutt stacken
Maach am Mäerz en d'Feld recht affen.

Wann no Frascht a Määrzeschauer
D'Sonn op Bierg an Dall nu schingt
Frou kucht ëm dech léiwe da gelt Bauer
Wann d'Gewan rondëm dech gringt.

Wann eraus d'jong Some krichen
An di aner si schuns do
Wann de Kapp all Planzen hiewen
An de Vulle laustren no.

Well de Bësch mam gréngen Hittchen
Houfreg op dem Bierg do nu steet
An den Hurt mam ale Liddchen
An dem Dall ën d'Schofhäerd geet.

Well d'jongt Lamp duurch blummeg Krädder
Glott zu sénger Mudder spréngt
Awer d'Kou de vollen Edder
Owens vun der Weed em bréngt.

D'Aarbecht rifft nun allenennen
Haart duurch d'Woch dem Bauer zou;
Ma se geet era liicht vun Hännen,
Bis de Sonndeg bréngt em Rou.

Wann de schéine Sonndesmuergen
Mat der Ráéischen op dem Hutt
Këmmt sou halwer oune Suergen
Gelt dat deet am Häerz der Bauer gutt.
't deet am Häerz dem Bauer gutt.

Well dem Schweess un d'Mantelbrietchen
Hänkt nun op däin aalt Wierteskleed
An du këmms wi aus er Liedchen
Wann en dann op d'Kurch zou geet.

D'wiertes Box, de bloe Kiddel
D'schluetwäisst Hiem de schwaarzen Hutt
Wann och nët nom leste Middel
Stin dem Bauer sonndes gutt.

Och déng Fra, déng waakreg Kanner
Si jo nett a fest gekleet
Maach mer awer datt dohanner
Nët eng Nott beim Kréimer steet!

Huel an Uecht dech louse Bauer,
An all Buttéck as e Lach
Do an hun der, 't as en Dauer
Vill schuns Hals a Bee gebrach.

Virum Lach do läit dem Kréimer
Säi Regester déck a breet
Héischt de, vun dem Buch do géi mer
Féils d'an d'Lach dat ditt mer leed.

Well do nidde sëtzt de Richter
An de Réifer mat dem Bengel,
An se man der wéischt Gesichter
An den Huisschen as keen Engel.

Hun déi dräi dech ënnrem Hummer,
Alles schlon se der zu Blech
'T sief nu Wanter oder Summer
Puddelnakeg flitts d'ewech.

Jee, ech wollt dech dach ermunnen
An du weess jo wi et geet.
Ma dech wëll ech guer nët dunnen
Well du bas jo nët verkleert.

Looss den Houfert a séng Plommen
D'Spuerzemkeet behal am Sann:
D'Kleder ma behenn kee Dommen
An de Paltong mécht kee Mann.

Ma de Liichtfank as en Déier
Wuers de féiers deem séng Mëst
Wäers de fannen datt se séier
D'Feld mat Grond a Buedem frësst.

An de Schnedder as e Kärel
Dee ganz lëfteg ëm dech trëppelt
Dee ka päifen wi eng Märel
Wann en d'Wisen der zerschnëppelt.

Looss déng Fraleit nët mat Gaarwen
Op den Hitten dohier gon
An dëéng Felder mat schéine Faarwen
Fluddreg ëm hir Schëllren dron.

Weess de, dat si bosseg Spazen
'T steet zevill dobäi am Spill
Well do fueren d'Wiseplazen
Haus an Haff der aus dem Still.

Wëlls du, Bauer dech erhiewen
Ma da lief du mat Verstand
Schéiner as däi rouegt Liewen,
Wi de Birger hire Wand.

Looss all Stied mat hirem Gallem
Deen no faule Saache récht
Bleif om Land wu d'Päif vum Hallem
Schuns déng Kanner glécklech mécht.

Glécklech wie séng véier Mauren
An e schéinen Dällche baut
Do ze liewe mat iech Bauren
A mam Rescht op Gott vertraut.

D'ganz Natur as him eng Priedegt,
Maacht em ëmmer frësche Mutt
Well de Gott, dee Vulle siedegt
As och brave Mënsche gutt.

An dem Gaart, wann d'Blumme bléien
Hält en dack séng Mëttesrascht
Bei de Kanner, déi bal fléien
Wi d'jong Vullen aus dem Nascht.

Da verzielt e sénger Frächen
Wi de Weess do an Éige geet
Wi op roude, bloe Flächen
Kléi a Fluess om Flouer steet.

Jo: de Jorgank kann sech schécken
Fiicht as d'Äerd an d'Loft as waarm,
Kuck, wi d'Blummen all sech bécken
Vun dem schneekge Beischwaarm!

A wi d'Uebsbeem st belueden
Déi säi Papp nach huet geplanzt

Aus dem Wéngert schécken d'Riewen
Hire séisse Wäigeroch.
Alles flockst a vollem Liewen,
An't mécht Freed dem Bauer och.

An da léisst d'a ronnen Zuelen
Déngem Geescht wuel dack de Laf
Wa's de fir de Stot muss huelen
Wart der bleift nach zum Verkaf.

Awer héischt d'och, wi et donnert,
Fären hanner Bierg an Dall
Datt di Béifche mengt verwonnert
Ënnrem Buedem wir de Schall.

Kuck, nu kommen d'Wolkerisen
Schwaarz a gro dohier gerannt
Däischter kucken s'op déng Wisen
An se dreën dénger Sot.

Stuurm as hirem Won säin Täissel
An hir Päerd si d'wellt Geros.
Roudeblëtz dat as hir Gäissel
An den Donner as hir Strooss.

'T këmmt dohier op Feierfliichten
Baang verwallt as Hurt an Häerd.
D'Bëscher kraachen an all Friichten
Leen sech mam Gesicht op d'Äerd.

Dach sief roueg: fort zitt d'Wieder
Kuck, de Reebou steet schuns do.
An him kucken Hällm, Gras a Blieder
An och d'Uebsbeem roueg no.

Jee, genuch as hei nu dës Sproochen
D'Aarbecht feelt am Summer nët:
Mëscht ze féiren, d'Land ze broochen
Lou ze schläissen, dat an dët.

Wann zerguttst all Blumme bléien
Dann huet d'°Gras a Kraut séng Kraaft
D'Zäit as do! Nu hopp un d'Méien
Da behält däin Hee séng Kraaft.

Huurteg schlof a kuurzen Nuechten
Fréi riff. d'Wuechtel, béck de Réck
Well am Da, dat gët déck Schluechten
Och vu klengem Gras méi déck.

Da mat Gaaflen a mat Reechen
Fort dir Fralett nun un d'Zieden,
T si fir d' Wieder gënsteg Zeechen,
Loosst iech dann op d'Feescht nët trieden.

Nët ze brucken nët ze brueden
Nët ze bréien as om Läpp
Hott geméit a muer gelueden
Owes këmmt et ston op Häpp.

Hitt dech awer dach am Feier
Ongediirt däin Hee ze huelen:
'T géif der d'Hoossegt an der Scheier
Vläicht mam rouden Hunn bezuelen.

No dem Hee gët nët ze lappen
D'Aarbecht kEmmt der dënn an déck
Fluess a Fimmel sin ze rappen
An ze réiren d'Weessestéck.

Léisst nu d'Fruucht hir Éigen hänken
An den Hällem giel an dir,
Dann den Hittche kanns de schwenken
Well de Karschnatz klappt un d'Dir.

Nun eraus dann Hans a Méchel
An dir Fralett alt an d'Rei
Mat der Flaus a mat der Séchel
An de Meeschter fir derbei.

Wi rondém d'Gewane blénken
Wat e Räichtom wäit a breet!
Wellecht Liddchen as z'erdenken
Fir de Bauer an der Freed?

Do gesäis de jo gee kloer
Schéin zu Käercher as geschmolz
All déng Aarbecht vun dem Joer
An di Käercher all si Gold.

Looss mech dach se Gold nët nennen
Looss mech 1wer d'Gold s'erhiewen
Wat ee kritt aus Gotteshännen
Dat as Gléck an dat as Liewen.

Sin nun d'Gowen agescheiert
Wann am Faass de Greeche schaimt
Frou gët d'Kiirmes da gefeiert
A gesonge wat sech reimt.

Schéi wäerd d'Jor sech  ëm dech dréien
Wann s de äerdeg bas a weis
Bas de fierdeg kaum mam Méien
Kingt déng Sot schuns op en Neis.

Jo, bei dir huet Plaz gewonnen
Wat en Dichter huet gesot:
Sauer Woche fréilech Stonnen
Rou am Häerz a Freed am Stot.

Wann s de weess wi häerzlech gären
Ech der méi dees Gléck verschaaft!
Ma am Himmel do sin d'Hären
Déi eleng hun duerfir d'Kraaft.

Hief däin Häerz a looss mer fléien
Bei di Häre looss mer gon
Datt däi Pléien an däi Séien
Vill där Käercher sollen dron.

Sonneschäin a wootlech Drépsen
Schéckt dir Hären dach als Buet
Loosst nët rau de Som bestëbsen
An och d'Wiedre ma kee Schued.

Setzt dir Hären dach gutt Wuechten,
Datt kee Frascht an d'Land sech schmockelt,
Dee mat Räif an eng zwou Nuechten
All jong Semercher äis kockelt.

Suergt mer fir mäi lëtwe Bauer
Fir séng Fra, fir Kand a Kénn
As em d'Aarbecht dack och sauer:
Schéckt eng Freed em drop geschwënn.

O, mäi Bauer maacht mer glécklech
Hien as d''Wuurzel vun den Äscht.
D'Schréftgeléiert si geschécklech
Dach de Bauer schafft der bescht.

Steet enzwou an engem Wénkel
Him zum Leed e Batterbam:
Wie Wantergréngsgekrénkel
Hänkt em drëm e Blummendram.

Datt e sonndes dach séng Schäppchen
Mat dem Noper fréilech drénkt
Well en d'Woch duurch sech de Käppchen
Voller eescht Gedanken dénkt.

Datt och owens an den Uuchten
Wann ëm d'Haus de Wanter päift
Wann se schaffe bei de Luuchten
Frou e Lidd ëm d'Häerz ergräift.

Schloss

Sou, verstees de séngt de Vugel
Sot de Bauer du zum Kand.
Kuck nu schéisst en‚ wi eng Kugel
Aus der Loft erof op d'Land.

Jii, nu looss mer stall hei halen

Hei as d'Stéck dat gët geséit,
Nun erof vum Päerd mäin Alen,
Lo gesäis de wi ee pléit.

Huurteg werft nu d'Éig vum Schlitt en,
An e riicht de Plou sech gutt
Gräift un d'Huer an och un d'Gitten
Hott! hi! Haar! mat frouem Mutt.

Ma der Léierchen hiirt Liddchen
Dat gefoul dem Jong esou,
Datt e fest sech dréckt den Hittchen
A schuns hale wëllt de Plou.