Dem Grow Sigfrid seng Goldkuommer E Komëdesteck a 5 Acten Persônen : 1. De Grow Sigfrid. 2. D'Valdin, seng Duechter. 3. D'Bertha, hir Kuommermedercher. 4. D'Mathild, 5. De Barrong vu Schibberech a vu Bibberech. 6. De Schortgen, sei Bedengter. 7. De Jep, dem Baumeeschter seng Jongen. 8. De Clos, 9. D'Fra Barbel, dem Baumeeschter seng Fra. 10. De Schaazmeeschter. 11. Bedengter a Wiechter. 1. ACT. 1. Optrett. Am Schlaßgard virun dem Tuur. Valdin, Bertha, Mathild. VALDIN. Pleckt mer nach äng Streißchen. De ëscht Blumme sin dach emmer de schënst. BERTHA. Ech mängen dad net. D'Hieselhäcken blëen am Wanter, da kemt d'Maargretchen am Määrz, d'Vegëlchen derno an um Änn de prächteg Rôs. Diir ward 't ëscht e butzegt Medchen, ewäll sit dir äng schên a glecklech Joffer. MATHILD. Wees d'och wuol de Fehler vun der Rôs? BERTHA. Ech net. MATHILD. S'aß rôd am ganze Gesiicht: se schum-mt sech. BERTHA. Ewäll se sô schên aß? MATHILD. Neen! ewäll s'esô huurteg verwielegt. BERTA. Dë aß gudd! verhal se fir an dad schwëert Buch, d'aas de welles baß ze schreiwen. MATHILD. An d'aas du muß bauswänneg lëeren, dat dir ban-nwänneg soll de Lichtfank vergoon. BERTHA. Wa meng eschtlech Frëlechkeet etlechmol äng Eefällegkeet set, da, schwätzt deng ersièrklech Weißheet alt dack eschtlech domm. VALDIN. Loßt, Kanner, dad Streiden. T'aß verdreß- lech, dir huot allebëd esô vill Verstand an dir wellt iech net verstoon. All Blummen dë elo blëen, si schën. Den Daag Hautt aß mir lëwer as wi de Muor oder Gescht. Kuckt rond emm iech! Wi blitt op den Hechten alles esô schên; blummeg sin d'Wi- sen am Dal-l. An d'Vigel sangen do iwer am Besch. Wi gefahlen iech de Abrikosblëen hei un der weißer Mauer? BERTHA. Dir huot dë Plaaz huurteg benotzt. MATHILD. Kaum sin d'Stehstahngen ewäch, an den neien Tuur kaum geweißt, do aß schon den neien Gard rondemm a volleger Blë. VALDIN. Ech kännen neischt bässer fir de gro dihr Huuschten am Liewen ze verstoppen, as wi d'Blummen. BERTHA. Wuerfir huet dach iere Papp den eeschtlech fästen Tuur baue loßt? 't wir äng Festonk, awer d'Schëßlächer fehlen. VALDIN. Dir rod net wuerfir den aß. Kuckt am Schlaß- haff dë Keschten, de s'elo erousbrengen. Do ann aß mengem Papp sei Gold an all seng Kostbarkeeten, de let en ann de Källeren am Tuur ann de Versuerg. MATHILD. De Grow aß derbei, nu kemt de Stodheler och. BERTHA, Se soen, äre Papp wär de reichsten Här vun der ganzer Wält. VALDIN. Dad aß vill gesot. 2. Optrett. De Vireg. De Grow mat de Bedengter. DE GROW. Nu eraa mat de Keschten. Let mer all de Saache schën uerdeklech op de helze Geställer ann d'Gefaacher an d'Keschten. De Bou aß gudd ge- roden, an d'Aariichtonk aß gemächlech. — Gudde Muorge, Kand. Baß de schons esô frë bei de Blum- men? Da'aß rächt. Muorgesstonn huet Gold am Monn. VALDIN. Dir maacht ängem d'Wôerecht vun dem Sprechwuurd handgreiflech klor. GROW. Wien nach schlëft wa seng Noper schonn op sin, de brauch sech keng Goldkuommer ze bauen. Net emmer blitt engem d'Gleck an et aß gudd, wann een am Do d'Käärz erbeisicht, de een Owens soll brauchen. 't set een, d'Gäld wär di bäscht vun alle Luuchten, wann d'Liewen ängem deïschter gett. VALDIN. Mir maache meng Blumme vleicht më Fred, as wi iech iert Gold; an iewel dingen se zô neischt, as wi fir e Graawt dermat ze reschten. GROW. Kand, wat eng trauereg Idë, fir esô e jongt Medchen! Wi gefaällt dir dann e Blummekranz op änger Braut hirem Kapp? VALDIN. Dad gëw ech iech soon, wann ech de Breitje- mann och gesëg. GROW. Den aß më no hei, as du mängs. VALDIN. Huet dir mer ee bestalt? Da brauch ech mer keen ze sichen. GROW. Wells du dan dei Gleck woen, ônë ze weien? VALDIN. Sot, wat leit ann der Wo? Dat ech net ze lahng ann de Gewiichter muß wiellen. GROW. Ann der Wo? De Barrong vu Bibberech zô Schibberech, den offerëert seng Hand, an zwar duurch mech. VALDIN. Seng Hand? Gudd! huet en och e Kapp? Soß schecken ech em seng Hand hannescht, an zwar duurch iech. GROW. Dad sin dan denger Saachen. Ma 't set een, e wär e faine Man-n, e gescheite Kapp, an derbei e gudde Kierel. VALDIN. E wärd dach ken Ängel sin, soß mißt ech jo stierwen, wann e mech hel. GROW. Gew Uecht, Kand! D'Lëwt fällt net altzeit op eng Rôs. Känns du net de klänge blanne Jéer, matt dem gellde Stillebô. VALDIN. De gellde Stillebô loßt mech bei ier gellde Raretëte leen. GROW. Je, du baß de Muerge spetzeg. Bekuck de Rô- sen hir Dier. VALDIN. Schë muß e sin a wetzeg, soß kritt en ann d'Plaaz Rôsen Dier. GROW. Gudd, mei Kand. Du baß hautt prächteg opge- luecht; ech hoffe, kemt de Barrong, da kemt dir och d'Twerleonk ann de Käppchen. — Nu äde! wat geschëe soll, geschitt. Dack weist sech muerges koum de Knäppchen vun änger Blumm, de owens dach scho blitt. (E geet fort.) ‚ MATHILD. Frelent, ech wellt, de Barrong vu Bib- berech zô Schibberech wär schonns hei. VALDIN. Wann de ëßelecker Wellef en net lëwer hun as wi ech, dan aß en hei, a vill ze bal. MATHILD. Ann ierer Plaaz gew ech elo schonns äng Riedd stodëeren, fir em de ze halen, VALDIN. Zwô! Joffer Mathild. Äng fir en hei ze behalen, wann ech em net gefalen, an äng fir e fortzedreiwen, wann e mat Gewalt wellt bleiwen. Wi gëwt dir en uorieden, lost emol hëeren. MATHILD. Ongefëer esô: Wellkem, Här Barrong vu Bibberech, Wellkem ann iere liedder Struckens! Dir kommt esô weit hier vu Schibberech, One lahng ze bruoden an ze brucken, Kommt dir bei meng Fëß iech ducken. Här Barrong, o loßt iech bekucken ! Wi e Ginstentrausch op der drechener Huuscht Steet op ierer Stir de schëne Buuscht. Ier empeg Nuos gleicht änger Knuowelswuuscht. O wi stin ier Flamekuchsôeren um Kapp, Här Barrong, iech dach esô gudd Enner dem klänge môâdeschen Hutt! Wat e prächtege Spackeldaarsbaart! A Baaken, wi gekacht Ribben esô zaart! An dir sit, fir et net ze vergießen, Am ganzen, op ären treipege Been E Man-n fir zießen. ‘t begënt een net dack esô een. . Här Barrong, dir sit e Man-n as wi en Dapp; An ech wees net, iech schë genuch z'empfänken; Ech fanne ke Wuurt, dad wiert aß e Knapp, Meng Zong muf eläng fir mech dänken. Hätt ech zing Zongen, wi d'Fanger am Grapp, Zing schë Wierder krit dir ann ängem Strapp. Äng Bes gëw ech nach wuol ‘uon iech hänken; Ma verzeit, ech hun de Schnapp. BERTHA. De Schnapp! da kent en nach wuol bleiwen. Sot, dir hätt d'Pôken, wann der wellt fort en dreiwen. VALDIN. Dir schwätzt zevill fir neischt ze soen. MATHILD. Gott hällef ech! wär më kuurz. BERTHA. Kännt der dan net dad alt Bauerenhaus- mettel, fir e Freier ze verdreiwen? Dir baakt em e Plättel voll Pankeg. Se soon, de Barrong wär poëtesch; da versteet en och gewel dë Blumme- sprohch. MATHILD. Oho. 't gett Libhaber zôgleich vu Well- kuerschpankeg a vu schëne Medercher. An da laaft iech warem mat dem Mettel do. Schlächt Verse ka ke Mensch verdroon. VALDIN. Mat der Zeit kemt Rod. Loß mer ann d'Schlaß goon. 't fänkt un, waarem ze gin. Onst Spill ze weit ze dreiwen, aß nett gutt. Frëgesank mecht den Daag lank. (Se gi fort.) 3. Optrett. Op der Plaaz. D'Fra Barbel a vill Leidd. FRA BARBEL. Waad aß hei, waad kuckt der? Huet keen ons Jonge gesin? Onse Josep an onse Clos, dé esô lahng fort woren, si gescht aus der Friemd ereem komt. Äng FRA. Se wierde wuol dohier enner de Leidde stoon. De Barrong vu Bibberech zu Schibberech soll elo uokommen, e soll mat dem Schlaßfrelen bestued gin, e kemt freien. FRA BARBEL. O Gevuodesch, 't aß mir net freierech; de Schlaag huet onse Maates geschloon. Wëßt ech dach, wô ons Jonge sin! 4 Optrett. De Barrong an de Schortgen. BARRONG. Gew mei Portefeïl! 't komme mer Ge- danken; 't wir eng Schann, wann ech se neck op- schriw. SCHORTGEN. Heit, Här, aß et. Soll ech iech neck jätt virliesen fir arem Geest Flock ze machen? BARRONG. Da'aß häckt neck nikdeg. — Kuck wi d'Läkt sech erbei drecke vu Vurrwetz; se triedden ee bal op d'Fëß. Dad muß de Gebrouch esô hei sin. SCHORTGEN. Wi et schengt. BARRONG. De welle mer notëeren. Se sträcken d'Käpp zô de Fensteren eraus; dad hann äch emol a Saxe gesi maajchen, an da'aß äng al Iwer- liweronk, an ech zweiwelen neck me, dat d'Letze- burger vun de Saxen awstamen. Al-lt notëert! Do gesin ech zwi Männer un änger enzeger Drobierr. Esô Volkssitten diirfen an änger Resbeschreiwonk neck fehlen. SCHORTGEN. Wô de Gebroujch aß, sengt een de Pom- perneckel ann der Kiirch. BARRONG. Äch hoon der schunn dack gesot, du solls esô flohpeg Baueresprech neck an de Mon-nd huole. Louster më op mäch, a gewinn däch dajch, nemmen d'Blômewirder vun der Sprohch ze broujchen. SCHORTGEN. Äng Kô kann sech verriedden, an e Mensch sech vertriedden. Ma fir triedden ze lëeren, muß äch dajch schwätzen, wann äch ojch allt sollt d'Lajch niewen d'Steck emol sätzen. BARRONG. Zemol elo am Schlaß huol däch ann Uecht, . dat der keen esô e gemängt Wuurd entwescht. SCHORTGEN. Jo, Här, wann dad eech mechte Gefalen. Wien neck vill wees, de kann 't Moul gudd halen. BARRONG. Wann ech z. B. nëtzen, an du ses: «Gott sehn eech!» da geet mer allkëer den Hengerraud ous; d'Läkd dänke jo: Wi de Kniecht, esô den Här! « Prost, Här!» set een, a domat je. SCHORTGEN. Aha! Gudd, Här. BARRONG. Dad almôdescht Äde! loß mer ous dem Monn! «O Pläsir!» aß d'Wuurd. SCHORTGEN. Gudd, Här! 5. Optrett. Am Baumeeschter sengem Haus. De Baumeeschter, krank am Fotel. CLOS. Aß et bässer, Papp? DE BAUMEESCHTER. Jo, vill bässer, d'Liewe geet zum Änn; en ale Man-n kritt Rô. Ir ech stierwen, — muß ech iech, — Kanner — nach äppes soon. — Dir weßt, ech hun dem Grow alles gebaut, waat en nach baue lôß; ech hun him trei gedingt, hien huet mech riichteg bezuelt. Ma wi ech de Bau am Dëergard iwerheet ugahngen hat, du hun ech alles verspillt, wat ech bis dohin gewonnen an erspuert hat. Falsch Leidd hu mech beim Grow ungehahngen an e gôw mer ke Su Entschiedegonk. E sot: Ech gin, wi mer eens gôwen. Wat wollt ech maachen? Streit wollt ech net mat em hun. Mei läschte Bau aß fier- deg: da'aßt dem Grow sei Goldtuur! Fir an der grëß- ter Nôt mech kenne sälwer bezuelt ze maachen, hun ech hannen am Gard ann dem Wenkel — zwê Schung dëw — am Buodem — e Lach — an der Mauer — geloß — Aß et iwel gedun — well Gott mer — verzeien. Dir, Kanner — hidd iech — gitt net — (E gett schwaach; se droon en op d'Bätt.) 6. Optrett. Josep. JOSEP. Nu fort, Josep! un d'Arbecht! Ir mei Papp d'Dihr vum Liewen hannen uon sech zô spärt, gôw e mir de Schlessel vu mengem Liewensgleck. Ech soll dem reiche Grow dad loßen, wat mei Papp dach uon em verdingt huet, well de Bau vill më kascht huet, aß wë hie mengem Papp gôw? M-m, ech wees genoch. 2. ACT. 1. Optrett. Dem Grow seng Kuommer. De Grow. GROW. Da'aß korjëß! Muß mei Gäld mer elo erëscht de Schlof verdreiwen, zenter ech gemängt hun, et esô gudd ze verspären. Geizeg sin ech net, awer bestuel ze gin, dad verdrëst mech. Wien aß den Dëw: Wë kôm en ann den Tuur? Ke Schlaß aß gebracht, ke Redel eraus, käng Dihr aus dem Ahn- gel. Mei Stodheler aß d'Treiheet sälwer. Nu aß hent nach de Baumeeschter gestuorwen. Den hätt mer vleicht kenne soon: wê a wô. (De Stodheler kemt.) 2. Optrett. De Grow, de Stodheler. DE GROW. Du kems as wi geruff. Wi steet et am Goldtuur ? DE STODHELER. Schlächt, Här, op en Neiß fehle Saachen. GROW. Aß et Schwaarzkenstelei, oder wat aß et? DE STODHELER. Dir huet de Schuod, Här, an ech hun d'Schan. Ma, hut dir e Supsong op mech, da lost mech ophänken, ech halen et net më aus. GROW. Op dech? Ke Schiedd, siew rôeg. STODHELER. All Schlässer hun ech anescht du maa- chen, an den se gemaacht huet, aß aagespaart. GROW. Gudd. 3. Optrett. De Virig. E Bedengter. Gleich derno de Barrong an de Schortgen. BEDENGTER. Här, de Barrong vu Bibberech zu Schib- berech aß uokommt. GROW. Feer en eraan. (De Barrong an de Schortgen.) GROW. Wellkem, Här Barrong. 't mecht mer Fred iech a mengem Haus ze gesin. BARRONG. Mei Wuurd gett durch iert esô erkengt, Dat et vu menger Zong an iert Oer sprengt. GROW (lues). Da'aß e Wandbeidel, wi et schengt. (Hart.) Wi gông et iech dann op der Res? BARRONG. Wi gidwerängem, den de Geest op hech gelëert Saajche stoon hat. Himmel an Erd, a Bierg an Dal-l ennerwehen ze bekucken, a menger Saajch neck. Äch fëeren op all menge Resen e Journal, an den hat sech fëerlech op der hei ermaajcht. GROW. Dan hut der geweß iwer Aakerbau a Politik vill Schënes opgeschriwen. Dir schengt e grôße Fi- losof ze sin. BARRONG. D'Filosofi aß mer schonn hallwer ze kläng; grôßaartech Ikdien si mein Element, an all de ge- mäng, rez-de-choossés Gedanken si mer z'entwikder. SCHORTGEN (luos). Wat set en? z'entwikder? Re- zociß-Gedanken? en eßt se vill ze gär. BARRONG. Wann der wellt louschteren, da liesen äch ech e klängen Opsaatz, den ech ennerwehe geschri- wen hann. GROW. Ech well wuol, da loßt hëeren. BARRONG (liest). «Op de Flilleke vam Stuurem- wand, wann en de Fraläkden de Parbeli d'ennescht d'iewescht kiert, kommen äch hei zô Letzebreg an. Dem reiche Grow Sigfrikd seng Daachter er- bleckzt mäch, a staansfôß wel-lt se sech mat mer bestaden. De reiche Grow Sigfrikd gett mer seng enzeg Daachter an d'Halschecht vu sengem selleche Gäld. Si aß as wi am Himmel, an âch ojch. No aajcht Degen stirwt se mat der Ouszieregen, oder mat de Pôken, 't aß dann eendunn.» — Bis duer aß den Opsaatz erëscht fierdeg. Spikder- hin satzen äch najch bei, wi et mer esô leet geduun hat a wi äch mäch iewel mat dem sellege Gäld getrëst hann. GROW. Eng grôßaarteg Ide, meng Sël. BARRONG. 't aß een van de ville Grondressen fir Trauerspiller drop ze maajchen, dë äch welles hann ze schreiwen. GROW. Dir schengt e famëst Dichtertalent ze sin. (zum Bedingter) Gë, Gottfrid, fro meng Duechter, or se den Här Barrong vu Bibberech zu Schibberech wellt gesin. (zum Barrong) Wat huet der da fir e Komerad do? BARRONG. Da'aß en Exemplar ous der grôßer Klaß vun den Delpesen, dë hire Gedanken no krichen wi d'Pardskruweler. Falen s'eemol op de Reck, da geet Joer an Daag zô, ir s'eremm op d'Fëß kom- men. Dir mußt em äppes klänges zô gin: en erlabt sech etlechmol äng gemäng Ried. (De Grow geet ous.) SCHORTGEN. Prost, Här Barrong! (D'Joffer Valdin an d'Bertha kommen.) 4. Optrett. De Barrong, Schortgen, Valdin, Bertha. DE BARRONG. Vum Himmel kemt äng Rôs getrol-It. O ken-nt äch nu meng Wierder wiellen, Wô d'Bei den Hunneg hat gehol-lt, Fir alles ieren Oren ze verziellen, Wat d'Lëw zô iech huet mat mer wol-lt. Mein Häärz, soß haat et grôßeg Hiellen, Et aß zesummen nu geschmol-lt As wi en Ärsduoder esô giell as wie Gold. Mat mengem Häärzduoder dem giellen Well bor äch bezuolen dad Gleck a meng Schold. O kommt, ech warde mat Ongedol-lt, O kommt, as wi ent-Ee-m-mâäch-sch-sch- (en nëst) [-chiellen. SCHORTGEN (fir sech). Do nëst en. Der Deiwel soll [et huelen, Elo hann äch jo dad. reffenëert Wuurd Allt nammel ous dem Kapp jestuurt?, An äch stin as wi op Kuelen. Aha! (Hard.) O Pläsir, Här Barrong, an domat je! BARRONG. O du Ongjehuwelten! O Frelen, meng Nerwe sprange wi jong Fuelen — — Elo — elo —— Den domme Kärel hat mäch der- vann erawbraacht. VALDIN. Ech kann net mat sô schëne Riedden, Här Barrong, virun iech hei triedden. Sô vill ech mer och de Geescht zerkniedden An d'Äcke vu mengem Kapp durchfriedden, Um Änn muô ech em Verzeionk biedden. Dir kennt d'Blumme mat Heegaaflen ziedden, Ech fannen elo lahscht alle menge Piedden Käng Blumm fir iech, blôs Onkraut ze giedden. BARRONG. O gett mer äng Streißgen Ous ierem Gard, meng lëwlech Meißgen, Et siew äng Blumm oder nemmen ent Reißigen. VALDIN. O schënen Här vu Schibberech, Wat hun am Häärz e Gedibbert ech! Zenter ech gesin iech, Här vu Bibberech, Do schwätzen as wi äng Klibber ech. Mir aß et am Reck esô kal, esô schudderech, A mei Blutt leeft an den Oderen ganz schludderech; Dir kommt as wi en Häld esô dudderech A bestret mat blummegem Pudder mech, Fir z'ießen as wie geschmachelecht Fudder mech. BARRONG. Wi kann ech mataarme Wirder erstuoden All Käste vun ärem grôße Gefill? All Tulpen, all Rôse gin ech bloden Fir eech vun der Sauer bis bei den Nil, Ewall äch gesin, dat et eech ka goden, Dad äch mäch mat eech bestoden. O kennt äch mäch am Kalschwaßer boden! Trëne miegt äch kreischen wi Kwatschefloden! Fir eech gëng äch gär bis an d'Woden Durch d'Feier (wann et mer neischt giw schoden)! O kennt äch a mäng Longebälleg loden Von ängem ganze Johr de Wand, Den ee geseit an eisem Land Op den Hëchten an em d'Baajchen Mat alle schëne Summerblôme spillen! Elouter Seifzer giw äch dervu maajchen - Fir ier Lëwt ze bezôlen. Mei Mond kann neck huurteg genuch molen D'Gedanken, dë mei Geest em schet op d'Millen. Äch kann neck me schwätzen, ma wann dir wellt, [äch billen. VALDIN. Wô soll ech d'Wirder zesuome schären, Di schënste Reimen erbei mer droon! O ken-nt ech d'Konscht vun de grôßen Hären, Dë am schënste riedden, wann se neischt welle soon? Loßt mer mei Leed a fänkt uon ze goon, Bis dat dir ier Trënen hut bei der Hand, A versuergt ier Saifzer och bässer. Gitt ewäch heem an dreiwt allt bal mat Gewässer Ierem Geescht seng Millen, a bal och mat Wand. BARRONG. Muß ous dem Wuurd op d'Menonk äch [schlëßen, Da well äch kee Gleck op der Wält më begrëßen, Ken Hunneg ka mei Schicksal versëßen. Ädi! meng Hoffnonk geet fort mat barbessen Fëßen. SCHORTGEN. O Pläsir, sot dir jo! (Allebëd gi fort.) 5. Optrett. Valdin, Bertha. BERTHA. Neen, neen, dë Gedold vun iech! Onerdrëglech aß et, hien ze gesin; mê onerdrëglech, em no ze lauschteren; awer, iech ze hëere schwâtzen as wi hien — dad schuddert mech. VALDIN. Wat aß dann? ech hu mech amusëert: de Spaß huet mer nach allzait d'Trauregkeet verdriwen, an de Keer och. BERTHA. D'Trauregkeet? Frelen? Wat heescht dad? VALDIN. Aß dad esô e grôßt Wonner beì ängem jonge Medchen? BERTHA. Bei iech, jo. Dir ward jo nach emmer d'Frëlegkeet sälwer. Wat aß iech? VALDIN. Ech — Bertha, soll ech — hun ech äppes gesot. BERTHA. Wellt der mir et net soon, da sot mengem Virwetz et hemlech ann d'Oer. VALDIN. Iech? dach, awer dem Mathild net. BERTHA. Dir weßt, ech ka gudd stell halen. VALDIN. Wat dengt et‚ wann ech d'Saach soll soon an d'Wirder well aaschlecken? Berta — mein Hierz, huet gewielt. BERTHA. Frelen, wat sot dir? gewielt? de Barrong? de mat der Kaazekuck. VALDIN. Berta, dir wellt mech dach net beledegen? Wie set äppes vum Barrong? BERTHA. Wien hut dir da so gesin? Ke jongen Här war a lahnger Zait am Schlaß. VALDIN. En eenzegen hun ech gesin, a de war schonn zevill. BERTHA. Wann ech iech soll verstoon, mißt der mer äppes soon. VALDIN. Niechterowend war ech aus ann de Gard. T war esô mel-l, esô schën! Liichteschain, d'Stären um Himmel, Jehahnsfenkelcher rond emm mech, an d'Nuochtegällercherslidder doiwer am Besch! Op eemol trett aus de Rôsenhäcken e jonge Mensch, esô schên as wi den hälle Muorgen. Den huet mer meng Rô gestuel. Den eläng ka mer s'eremm gin. Kaum haat ech en erbleckt, drêen ech mech emm, gin eraan, ône esô king ze sin eemol hannerzeg ze kucken. BERTHA. An iewel mußt dir en nach eemol ereram gesin. VALDIN. Mängt dir? Rod dir mir duorzô? BERTHA. Dir mußt gewuer gin, wien et aß. E kemt eremm zans oder en aneren Owend, des sit geweß. VALDIN. Gëwt dir mat em riedden? BERTHA. Ganz geweß. VALDIN. Oje, dad aß nemmen e schënen Draam. E war do an e kemt net eremm. 6. Optrett. Am Baumeeschter sengem Haus. De Josep an de Clos. DE JOSEP. Dack siche mer nom Gleck lahng iwerall, Da kemt ons onverhofft zum läschten Vum Himmel an de Schôß gefal-l Dad schënst an ättlechmol des Bäschten. Deng Schënheet hun ech nun eemol gesin, Du baß mai Liicht, du baß mai Stär Op daischtere Pieden, dé ech nu gin. Ma d'Schicksal aß dem Mensch sain Här. Dack begënt ons a sengem Flock Op onse Wehen dad frendlecht Gleck; Et laacht ons lëwlech an dach eenzock Schonn drët et ons stauteg de Reck. Vlaicht komme mir onst Liewelank Nu net më zesuommen esô; Vlaicht fëert d'Gleck och frai a frank Geschwenn eent dem aneren zô. CLOS. Wat drecks du nammel fir Kalänneren? Hues de deng sché Blummekinnekin nach net vergieß? JOSEP. Wis de mängs, esô aß et, ech kann et net änneren. CLOS. Du hues nun de ganzen Daach hei gesie Ze fillen an ze dänken An der deng Sel ze kränken. Wees d'och, wiem's de dein Härz wells schänken? JOSEP. Neen, ech kännen se net. CLOS. Mängs de net, se kwëm hent eremm? JOSEP. Ech mänge vill an ech hoffe wëneg. O komm, du lëwen Owend! CLOS. O komm, du deister Nuecht! Dem Grow seng fiffeg Dëw, Se stin op der Wuecht. Komm, deischter Nuecht, eis zu léw! Mer stin op der Lauer, Wäll mer krechen nach gär eemol durch d'Mauer. — Du gees haut dach mat, Josep, mer hun eise Kont nach net. JOSEP. Gäld well ech keent më. Gester Owend wollt ech de Braßle mat den Iedelstängen net, den do leit. Hent huôlen ech den, fir sii, fir d'Kinnekin vun de Blummen. CLOS. Du wells eïs also huurteg verroden? Mei Gott genoden, Da bleiw dach heihem! Du schengs e gefëerleche Kranken. Deng Drem nännst de Gedanken, Nänn deng Gedanken dach Drem. JOSEP. Esô en heemlecht härzlecht Geschänk, wie weißt dad? A gi mer erwescht! Clos, känns de dad Lid vum Hierrger Här? CLOS. Sang mer et. JOSEP. Do wô d'Schwarzernz Duurch de Besch leeft Sôtz den Hierrger Här am Buurgnast, Dad ganz hëch war, Mat der Duechter, Dë ganz schë war. An zu Befert War e Jonker, Den se gär haat, An sì hien och. Awer Befert An den Hierzger Ware Feind sech Bis an d'Sël aan. E Verrëder Ân e Schmalzert Kôm zum Hierrger An de sot em: Wann der fort sit, Kemt de Jonker Op iert Schlaß hier. Wat e mecht hei Mußt dir wessen. Dat dir fort sit, Dad geseit en Un den Trett vun Ierem Reitpärd. An den Hierrger Rännt no Belleg An e set do Zô dem Schmatt det: Hei beschlo nu Ganz geschecklech Du mei Reitpärd, t' Hennescht vir mer. An de Schmatt schlët Op den Undels An op d'Eisen, Dat et fonkelt. Da beschlët en Him sei Reitpärd, 't Hennescht vir schën. Op sei Fexchen Sprengt den Här du, An du hannescht Richt op hem zô. Awer d'Hôftrett, Vun dem Reitpärd' Weisen anescht. Em den Owend Nu geridden Kôm vu Befert Och de Jonker. Frô geseit en Un den Hôftrett, Dat den Hierrger Nach eraus wir, Klappt un d'Part luos, Dë och op geet. Wi de Jonker War am Schlaßhaff, Sprengt den Hierrger Un den Hals em Mat dem Reitkniecht An se stôßen Iwer d'Fiels ow Gëh de Jonker Sächs versins dëw. 3. ACT. 1. Optrett. Am Schlaßgard. Muorgesfrë. Valdin, Bertha. VALDIN. D'Stäre fänken u bleech ze gin, der Daag grot. Di lëwlech Nuecht mat hirer hemlecher Hoffnonk geet fort an d'Sonn kemt mer weisen, dad ech Onrächt hei hat, mei Gleck ze sichen, wô et net aß. Sô gi mer all duurch d'Liewen, mer siche wat eis fehlt; aß d'Gleck dan eis gensteg, dan hu mer nach keng Rô. Wann d'Frëjohr seng Blummen brengt, da wellte mer, 't wir Hierscht. Beim Hierscht senge reiche Gowen, dan dreme mer vum blummege Mee. A fir d'Gleck eis ze verschaafen, Mer mißten eisem egnen Hierz entlaafen. BERTHA. Dack huet een d'Hoffnonk ganz verluer, Da get een op eemol sei Gleck gewuer. E kemt! Hanner de Rôsenhäcken trett en eraus. 2. Optrett. De Vireg. Josep. JOSEP. Zwën Änglen am blummege Gard! Dë zur rechter Hand aß se. Rôeg, mein Härz, ech muß mat hir riedden. BERTHA. Zreck, Här, wien erlabt iech heihin ze kommen? JOSEP. D'Lëwt an d'Hoffnonk. BERTHA. Dir sit king. Fort hei, ech biedden. JOSEP. D'Sonn lëßt mer net lahng mei Gleck. BERTHA. Ech ruffen. JOSEP. Rufft! BERTHA. Wie sit der? Wi heescht der? JOSEP. Ech sin den net, den ech war, a Josep aß mein Nuom. BERTHA. Fort hei, Här, a beledegt eis Joffer net. JOSEP. Wat kann et enger Rôs, enger Tulipant schuoden, Wann ech mein A an hierer Schënheet buoden? Dir duurft mech net esô ganz veruechten, Wann ech lëwer ier Joffer as wi hir Blummen betruechten. BERTHA. Schë Komplimente kann a well ech iech net soon. Kuurz emm, Här, eis Frele set, der sollt goon. JOSEP. Aus hierem Monn dad ze heren, Ka mech Onglewegen nemme bekëeren. VALDIN. Fort, Här, der Daag scho grot. JOSEP. Dir net, der Daag get mer de Rod? VALDIN. Dir huet mer käng Fro ze ställen, gitt, ech hu meint gesot. JOSEP. A gëw ech iech froen, wat set der mer gär? VALDIN. D'Sonn set iech alles. Ech biede, gitt, Här. JOSEP. Äde, Frelen, ech gin, Mat der Hoffnonk iech geschwenn eremm ze gesin. (zur Bertha) Dir ställt iech bëß, ma ech dänken, Dir wellt mech e wënech zänken. Hei! huelt de Braßle, den ech der Frele schänken. (Fort.) 3 Optrett. Valdin, Bertha. VALDIN. Wi huurteg fergeet e schënen A'bleck, Wann en helt mat fort all eist Gleck! BERTHA. Kuckt hei de Braßle! Ganz selen Gesôch ech esô een. VALDIN. Senger Schënheet schingt neischt ze fehlen, En aß vu Gold an Iedelsteen. BERTHA. Rôd a blo a gring a giell: All Farwe sin dran ann der Wiel. VALDIN. Reich muß e sin, 't aß e grôßen Här. Ma, wat mé aß, en huet mech gär. BERTHA. Wat më aß: Ech riedden no mengem San-n, Ech riedden no mengem Gefill — Wat më aß: Hien huet e Reef ze man-n An dir huet nun den do zevill. VALDIN. Kommt, en aß fort. Wat maa mer nach hei? Meng Rô aß, meng Fred ann dem Gard aß verbei. BERTHA. Loß mer bei d'Mathild goon. Mer missen er di Saach verzielen a soon. 4. Optrett. Barrong a Grow spazëeren am Gard. BARRONG. Iere Reichtom, Här Grow, aß grôß. Dir huet des Gäld jo äng Mäng Am Tuur an der Iedelstäng Fir iech. Dir setzt dem Gleck am Schôß. GROW. Ech si kee Bohert, ma, friemen Hären, Dene weisen ech meng Saache gären. Dad aß äng Fred as wi äng aner. Ee weist seng Heiser, seng Schlässer, seng Pärd a seng Flenten. De Kenstler weist Statuen a Biller, Sei Miehl weist iech de Miller, De Gierwer schwätzt iech vum Lieder, De Schreiwer vu senger Fieder. Vum Dichter senge Reime kommt der net ewäch An de Schôster an och aner halen deck vum Päch. BARRONG. Erlabt mer dach ze soen, dat ech vill net halen Vu de gielle Goldknätzelen,. dë iech esô gefalen. GROW. Ech sin an der Filosofi ken Häld An ech mängen, dad Gäld, Dad wir dach glad net esô iwel; O conträr, e sëer iedlege Miwel. BARRONG. Grôß Gedanken aß mei fort, an ech dänke mech warm, Fir z'ennersiche dë ëerlech Wehe zum Gäld, Wäll ône di räng Moral, aß Reich as wi Arm Dach nemmen e Bëscht op der Wält. GROW. Mir huelen di Saach hei me iwerheet, Wall, sollt ee Steck ver Steck ennersichen, Dann hätt geschwenn en aner de Brot an der Kichen An 't gëw ängem hanneno leed. Iwregens, Här Barrong, ruffen ech mei Bedengter, de kann iech an ier Zemmere fëeren. BARRONG. Ech danken, Här Grow. Diirft ech net bal eremm virun ierer Duechter hirt A triedden? (De Bedengter kemt.) GROW. Virun hier Aen allebëd, ewäll si aß net schiell, wi der scho wuol weßt. (Barrong mam Bedingter fort. De Stodheler kemt.) 5. Optrett. Grow, Stodheler, GROW. Haate mer dë vergangen Nuecht eremm e Besuch am Goldtuur, wat mängt der? STODHELER. Op en Neis fehlt e schëne Braßle. GROW. Huet der d'Fal geluegt? STODHELER. Se leit op hierer Plaaz. Wien drop trett, leeft net me fort. GROW. Wann d'Fal esô gudd aß wi d'O'tz, da si mer des Fank geweß. STODHELER. De Barrong vu Schibberech haat beim Hor no drop getratt, wi en elo dobanne war. Ma ech haat d'A emmer op em. GROW. Dad hätt em eremm hëch Gedanke bruecht. STODHELER. A sengem Journal e schêne Kapitel. (Fort.) 6. Optrett. Zemmer am Schlaß. Valdin, Mathild. MATHILD. Da kännt een nu d'Ursaach van der Onnrô, vun der Trauregkeet, vun der heemlecher Peng, vun dem Seufzen a Kreischen! VALDIN. Ech biedden iech, Mathild, sot mer net de ganzen Dictionâr op. Zô de Wirder gehëeren och Gedanken. MATHILD. Da'aß demno as een sech gewint huet. 't gi vill Wirder gesot, bei denen neischt ze dänken. aß, a grad bei dene gett sech am meeschte beduecht, vun denen dë net dänken. _ VALDIN. Dir huet dack onsenneg Quenten am Kapp, a der sot Denger, se gleïchen dem ronne Vëereck. MATHILD. Do aß dad Wuurd Braßle awer, Frelen, wat dänkt dir, wann der et hëert? D'Bertha dänkt un di schën Iedelstäng; ech dänken: Hätt ech en! Dir dânkt aß wi ech: Hätt ech en — awer de schëne jonge — Bßt, de Grow! 7. Optrett. En De Vireg. Grow. GROW. De Barrong vu Schibberech kemt dech eremm gär besichen, Valdin. Ech biedden dech, siew frendlech gënt en an dänk: Dë Stonn geet allt eremm. Allerhand Ledd gett et op der Wält, an de Barrong muß ee betruechten als wi äng korjës Raretët ann der Natur. VALDIN. Dir weßt jo, Papp, ech fanne bei de Ledden zimlech geschwenn den Tôn, no dem as hir Seete gestemmt sin, a da stemmen ech meng hiren no. Beim Barrong huet een den Tôn schuns, sôbal as en de Mond op deet. GROW. Wat gesin ech do? Wat hues de fir e Braßle do? VALDIN. De Braßle, Papp? GROW. Maja, wô kômst un deen ? VALDIN. Ma — ech — ma ech kruut e geschänkt. GROW. Geschänkt! ma do wellt ech giere wesse vu wiem. E gôw mer aus dem Goldtuur de letzt Nuecht gestuel. VALDIN. Iech gôw e gestuel? GROW. Du zweiwels? VALDIN. Ech verwonnere mech. GROW. Dad kanns de. Ma geschwenn eraus, so mer, wie gôw der en? MATHILD (luôs). Dad gëw elo schên, wann se d'Wôregt siet. VALDIN. Wie mer e gôw? — Ma, de Barrong. GROW. De Barrong? Ei, du abscheileche Kierel! Dad huet em nach gefehlt. De Barrong huet der e gin? VALDIN. Papp — maja. GROW. Do kemt en, de Mensch mat den hëgen Ideen. Kuck wat en Är, wat en Tôn! De Canalgen! MATHILD. Ewäll gett et erischt schën. VALDIN. Wuer soll ech mech verstoppen? MATHILD. (lues) Verstoppt iech hanner ier Onbesonnenheet, dë aß esô grôß, dad kee Mensch iech dran eremm fennt. 8. Optrett. De Vireg. De Barrong mam Schortgen. De BARRONG. Frelen, nach eemol, ir mein ongleckleche Stär Eremm heem mech fëert, gesëg ech iech gär, Fir nach eemol ze hëeren aus ierem Monn, Or mer fortu schengt äng frendlech Sonn Oder ob sech äng deischter Nuecht Fir ëweg op mei Liewen huet geluegt. O, wir ech Meeschter am Wirderspill, O, kent ech iech schwätzen An d'Hierz iech op brätzen Mam kenstlechsten Diichterstyl! GROW. De Stil-l, Här Barrong, ech këeren en emm An aus dem Biesem gett et e Bängel Als wi en Deiwel aus dem Erzängel. BARRONG. Hëren ech dem Grow oder dem Schortge seng Stemm? SCHORTGEN. Ech hale stel-l, fir iech net ze kränken, A spure meng Zeit, fir no ze dänken. GROW. Gett der iech brachfälleg? SCHORTGEN. Brachfälleg sin d'Mëcken. BARRONG. Wôann brachfälleg? ech? Mein Härz aß räng as wi iert Gold. GROW. Wômat dat der ier Täschen huet gefol-lt. BARRONG. Wat heescht dad? GROW. Kuurzemm, der huet mech bestuel. SCHORTGEN. Har, da'aß äppes fir an iere Journal. 't aß neischt iwer d'Resen. Do heërt een allerhand. BARRONG. Dremen ech oder dir? GROW. Dänkt wi der wellt, ma gett mer mei Gold eremm! Vill kôm mer fort, zenter as der zu Letzebrech sit. Weel der Deiwel, wi der dru kômt. Paßperte, gäld, Har Barrong vu Schibberech? BARRONG. Ech, Paßperten! O du himmlesch Brawheet! Nu soll den Zolwerknapp sech bis un d'Wolken hiewen. MATHILD. Dad deet en emmer. BARRONG. Elo awer fir mech, als Zeie fir meng Ëer! GROW. Schwätzt a schwiert! Awer erous mat dem Gold! BARRONG. Wie ka mer äppes beweisen? GROW. Hei de Braßle u menger Duechter hirem Arem. Huet dir hir den net gin? BARRONG. Ech? GROW. Wien dan anescht? BARRONG. Hätt ech e gehuet, dan hätt ech e nach. SCHORTGEN. Da'aß wôer. En aß më vun Hättech as wi vun Giewech. BARRONG. Frelen, hun ech iech de Braßle gin? VALDIN. Net? BARRONG. Dir frot! VALDIN. As wi dir. BARRONG. Ech hun d'Rächt ze froen. War ech den Dëw? VALDIN. Wann ech kee Spaaß maan: — Jue! BARRONG. An ech soon: Neen! GROW. Kee Komëde! Hei, dir Jongen, fëert mer de Barrong an d'Lach. BERTHA. De Spaaß gett Eescht. VALDIN. Waat aß ze maachen? Ech stin zweschen zwee Feieren. MATHILD. An zweschen zwën dichtege Freieren. (D'Kniecht fëeren de Barrong fort.) GROW. Fort mat em. BARRONG. Een Trôscht hun ech. Grôß Männer gin frë oder spët verfollegt. Dad leert d'Wältgeschicht. GROW. Ech hoffen, e soll nu ann sech goon. Nu wellt ech awer gewuer gin, wi en an de Käller kôm, oder wien anescht et war. MATHILD. Da gëwt der weiß, wat ech scho weeß. GROW. Äde, dir Jofferen. 9. Optrett. Valdin, Mathild. VALDIN. Dad aß zevill. MATHILD. Dir huet äng Amusätt nëdeg. Ech weeß e Puer Versen ze sangen. 't aß wuol e Gaaßelid, ma iwel schën am Nôtfal-l. BERTHA. Loßt hëeren. MATHILD. Mei Freier aß e grôfßen Här, Holiti heido! En huet mech wuel vun Härze gär, Holiti eiholito, holiti heido! Mei Freier aß e grôßen Dëw, Hien aß mer awer eeschtlech lëw. E litt fir mech, e stielt fir mech, Holiti! A wann e gripst, da fleißt en sech. A wier en och en duoblen Dëw, En aß a bleiwt mer iewel lëw. Wellt der di aner Versen och hëeren? VALDIN. O, sit stel-l, Spottmechesch. Komm, frendlech Nuecht, a breng mer Rô A spär den Daag a sei Leed mer zô! MATHILD. Komm, Nuecht, mat dem Schiedd, mat denger Lêw Fir d'Medercher a fir d'Braßlesdew! (Fort.) 10. Optrett. Josep (am Gard, virum Goldtuur). JOSEP. O mei Gott, wat aß geschitt! O Gäld! awer nach më, o Lewt! Am Goldtuur war eis d'Fal gesaat. Mei Brudder war vir, si huet e gepackt. Onmëglech war et, en eraus ze krëen. Der Daag fông un ze groen! Hie sälwer deet mech em de Kapp erof schloon, dat en am Dôd mech net soll më verroden. Stell, Jôsep, verrod dech net sälwer! Vleicht geet et nach gudd. (Fort.) 4. ACT. 1. Optrett. Am Schlaß. De Grow, de Stodheler. GROW. A was de do net ses! Font der en elo? STODHELER. Ech gông an de Goldtuur fir d'Fal ewäch ze huelen, ewäll mer den Dëw jo hun, wi mer mängten; do fannen ech de Leiw ône Kapp an der Fal. GROW. Da'aß wonnerlech. STODHELER. Nu dingt eis de Leiw ône Kapp dach neischt. Wie kännt den nach? GROW. Dach soll en eis nach notzen. Baußent de Maueren hänkt en un äng Stahng. Sätzt gudd Wuechten derbei, dë uecht gin. Seng Frenn wärden sech geschwenn verraden. STODHELER. Gudd. GROW. Da laaft a maacht dem Barrong de Prisong op a sot, et dit mer sëer led, dad ech en duurch Iirtom gekränkt hun. Vleicht giw meng Duechter duurch hirt Jowuurt en eremm alles vergießen dun. STODHELER. Awer de Braßle? Här, de kann eis op d'Spuur vum Dëw brengen, wäll den Dôdegen war net eläng, soß hätt en de Kapp nach. GROW. Meng Duechter muß Rechenschaft gin, wò s'en hir huet. STODHELER. Ech kommen eremm soon, wat ech gewuer gin. (Fort.) GROW. E kinge grôßartegen Dëwstal-l! Geschecklechkeet a Gleck! Ech well de Man-n kännen, den esô e kingt Spill mat mer dreiwt. 2. Optrett. Am Baumeeschter sengem Haus. Barbel, Josep. BARBEL. Huet eïser Herrgott mer duerfir d'Liewen esô lang geloß, dat ech dad vu menge Kanner gesi muß! O wiren s'an der Wë gestuerwen! O di hemlech Riedden, hirt Gepespers! De Josep huet mer alles gesot, awer ze spët. Ech konnt se net ermahnen zum Gudden. Ech woßt net, dat se sô schlecht — O! wann e Stee vum Himmel fällt, da trellt en änger armer Wittfra op de Kapp. JOSEP. Ech soll net eremm a mein Heemechshaus kommen! O Mamm, wat aß geschitt! Verzeit! BARBEL. Ech froen dech net, wô dei Brudder aß. Wô aß seng Leich? — Wees de, wat de Grow vir huet? JOSEP. De Grow? BARBEL. Zweschent Himmel an Erd kanns de baußend de Schlaßmaueren dei Brudder gesin. JOSEP. O mei Gott! BARBEL. O ëweg Schan! Vun de Kuebe gefreeß, zum Spott vun der Wält! Aner Mammen gin op d'Griewer kreischen. Wô aß d'Leich vu mengem Son-n? JOSEP. Sit rôeg, Mamm. Ech krëen d'Leich oder ech well och stierwen. BARBEL. Maach was de wells, awer verschôn dei Liewen. 3. Optrett. Am Prisong. De Barrong. BARRONG (schreiwt op d'Mauer). Nu huet mech d'Schicksal an de Greppen, Seng Pratze maachen d'Hor mer gro, Et wellt als wi e Fräsch mech streppen An ganz verdillgen mech derno. Wäll hei aus dem verfluchten Deppen, Dad nemmen Schällmen aß geriecht, Fir mech als Déw dan opzekneppen Erlëst mech muor den Henkerskniecht. Meng Trënen driwen ennerschliichteg Beino schuns wuol e Milleraad, Ewall de Papp jo mängt, ‘t wär riichteg Wat him seng Duechter huet geschwaat. A Gott, de wees, ech sin onschelleg, Meng Léw de aß un alles d'Schold, An dach, dem schëne Medche well ech Zu Lëw och stierwe mat Gedold. Jo, zenter dat den alen Uodem Den Aapel ôß vu senger Ëw, Do gett ke Man-n nun om Erdbuodem Më laß des Leed, më laß der Lëw. Ma wir ech dach eremm derhanner, Meng Roll gëw aneschter gespil-lt. 't aß Schuod! Wat hätten aartlech Kanner Mir zwee der Waält jo nach gezil-lt. (De Schortgen kermt.) 4. Optrett. De Barrong, Sckortgen. BARRONG. Wat aß? SCHORTGEN. Wat soll sin? Dir kreischt an ech ießen. Wie lang eßt, gett al, set d'Sprechwuurt. BARRONG. Du Räscht vun de Leckden! SCHORTGEN. Faasten ann der Festonk, dad sin zwee Onglecker. BARRONG. Zing mißt du der hun, wäll eent dech net am Stand aß ous der Niderdrachtegkeet z'erhiewen. SCHORTGEN. Verdreiwt iert Zidderen iech d'Kelt? Dir lamentëert vergiewens. Wann ech ießen, da wees ech wuerfir. BARRONG. O, sëtz ech zu Schibberech bei mengem Schreiwdesch! SCHORTGEN. Wien ann äng Händ wenscht an ann di aner fleet, den huet ann änger sô vill wi ann der der aner. BARRONG. Eremm e flappege Sproch! Du geß der net laß. An emmer baß d'ann dene Vergleichnessen de Porträ vum gemängste Pebel, den net am Stand aß, e Sprechwuurt z'erdänken, ône dad Bild dran ze sätzen, dad dem Gebilten ann d'Nues ann Plaaz ann d'Oer geet. Fich, di ongeschlaffe Majoritët! (D'Mathild kemt.) 5. Optrett. De Vireg. Mathild. MATHILD. D'Frelen scheckt mech iech soon, dir sollt hir de Spaaß verzeien, den se geschter mat iech gemaacht. SCHORTGEN. Spaaß? MATHILD. Wat wellt dir? Ech riedde mam Här Barrong. SCHORTGEN. An ech fir de Barrong. Hie setzt am Trauer bis iwer d'Oeren, an dänkt iwer seng ongbeduecht Gedanken no. MATHILD. Ursaach genuch fir trauereg ze sin. SCHORTGEN. De Barrong aß nach eniichter an net opgeluecht, Audienz ze gin. MATHILD. Ech awer richte meng Buedschaft aus. D'Frelen… SCHORTGEN. De Barrong wellt neïscht mé vun er hëeren. MATHILD. D'Frelen wellt eremm alles gudd maachen. SCHORTGEN. De Barrong scheckt hir de Kuerw, en huet se net me gär. E geseit nu, d'Lëw fällt esô wuol op äng Rôs als wi op en — BARRONG. Stell, gemängt Subjäct! Sot der Frelen, wi dëw se mech ernidregt huet. Ech sin nemme më de Schiedd vum Barrong vu Bibberech a Schibberech. MATHILD. Ech hu gemängt, neischt mich ke Schiedd. BARRONG. Ech sti mat ängem Fôß am Grawt. MATHILD. Dan aß et nach net firdeg, so felt der dran. BARRONG. Wô sin dë schên Drem vu menger Kannerzeit! MATHILD. An der Wë, bei aner Saachen. (De Stodheler kemt.) 6. Optrett. De Vireg. Stodheler. STODHELER. De Grow scheckt iech duurch mech ier Freiheet. 't war en Iirtom. 't deed em led. MATHILD (lues). Dann hätt e lëwer, 't wir keen. STODHELER. De wirklechen Dëw aß font, en hänkt ône Kapp dobaußen un er Stahng. MATHILD (lues). Dad huet nach gefehlt. STODHELER. De Grow wellt iech zefridde ställen, a soll et och senger Duechter hirt Jowuurt sin. MATHILD (lues). Se huet der zwën ône Kapp an der Wiell. BARRONG. Sot dem Grow mein Dank a mei Grôß. A sot em, ech këm zu Pärd oder zu Fôß. SCHORTGEN. Sôbal en huet de Prisongssteps sech ow gereselt, Den Ableck dohi kemt e gebeselt. MATHILD (lues). Da'aß Ueßepoesie. (Fort.) STODHELER. Der sit em wellkem. (Fort.) 7. Optrett. De Barrong, Schortgen. SCHORTGEN. Do, wat huet der nu vun ierem Grunschen? Der huet iech vergiewens d'Fanger geschrimen hol a blo. Ech duecht wuol, dad Denge gëw klunschen, Bis dat de Grow iech seng Duechter werft ann d'Wo. Nu kennt der an de schênste Gedanken iech junschen, Ewäll, wellt der se net, e geheit iech se no, BARRONG. Nu äde, dir schwaarz Prisongsmaueren! Verhalt: hei huet de Barrong vu Schibberech gesieß, Sein Ongleck voll Onschold a Gedold ze betraueren; Dach huet e ke Spetzbôwebrôd hei gieß. Dir sit gebaut fir d'Schällmen a fir d'Baueren, Ewäll dë ëscht zevill huelen an deß neïscht kenne gin; Se setzen op d'Erauskommen heibannen ze laueren, Ma net dobaußen de Galgen ze gesin. Der huet gehëert de Schurken hir Gaaßelidder A groe Sender hir Spetzbôwe Flich; Ire Geroch war menger grôßer Sël z'entwidder, As wi den aus enger verschweeßter Bättzich. Ma zenter op iech menger Versen en Honnert An äng Dosend menger Gedanken nu stin, Nu wärd der berümmt, nu wärd der bewonnert As wi heileg Kiirchemauere gin. (Fort.) 8. Optrett. Plaaz virun der Stadmauer. Dem Grow seng Wächter. 1. WÄCHTER. Mer gin ze weit. Mer verlëeren d'Leich aus dem Gesiicht. 2. WÄCHTER. Ech net, ech hun der e Puur Aen wi e Spuurvugel; 't helt keen es se. 1. WÄCHTER. Mer sollen awer och Uecht gin, wann een se trauereg bekuckt. 2. WÄCHTER. 't wärt wuol keen se frô bekucken. 1. WÄCHTER. Mer mussen all Bedrëwt an den Arrest fëeren. 2. WÄCHTER. Dan hätte mer vill ze dun; ‘t aß keng Fred më enner de Ledden. 1. WÄCHTER. 't aß wôer. D'Zeïte gin emmer schlächter; 25 Su d'Dosend Eer, 30 d'Pond Botter. Wie kritt nach e Maufel Fleesch ze gesin? D'Pond kast e Frang. D'Wält muß geschwenn enner goon. 2. WÄCHTER. Vun elauter Gromperen z'ießen. 2..WÄCHTER. 't hëert een och Saachen wi keemol. 't aß jo elo e Jengelchen op d'Wält kom mat em Huer ematzen op der Stir. 't heescht, et wir den Antekrest. 2. WÄCHTER. 't heescht, du solls der eigentlech zwee hun. 1. WÄCHTER. Do kemt e Bëerbrauer, en huet nach ee Fäßchen op der Kar. Dad wir d'Affär fir eisen Duuscht. 2. WÄCHTER. Awer käng fir cise Gäldbeidel. 9. Optrett. D'Wächter, Josep. JOSEP (stellt sech dronken. Sätzt sech bei de Beiar a sengt). Drenk, drenk, Jengelchen etc. (En entschlëft.) 1. WÄCHTER. De Kärel schlëft. Dad ka sech schecken. 2. WÄCHTER. Maach d'Pont op, ech drenken. 7. WÄCHTER. Maach du et op, ech hale mein Hutt drenner. 2. WÄCHTER. Eng gudd Anterhaltonk! Loß mech ech drenken. Schett mer en Hutt voll. 1. WÄCHTER. Loß mer och schocken. 2. WÄCHTER. Sackertjeft, dad Bëer aß gudd. JOSEP (los). Sauft, bis dat der emmfalt. 1. WÄCHTER. Lich emol; dad verzaapt sech huurteg. z. WÄCHTER. Jes, mein Hutt weecht op. Hätte mer e Brandemer hei! 1. WÄCHTER. Aß dad Glas dir nach net grôß genug! JOSEP (erwächt). Wie licht u mengem Faaß? A, Canalgen, der sauft mer mei Bëer! Elo helt iech der Deiwel, oder der bezuelt et. 2. WÄCHTER. Siew rôeg, mer bezuelen der gär. JOSEP. Dad lëßt sech hëeren. Dann hei, drenkt a Gottes Namen. 2. WÄCHTER. Hei, Komerod, nach en Hutt voll. De schlëft schon. JOSEP. Dad heescht, e fänkt u, mech ze bezuelen. 2. WÄCHTER. Dad Bëer aß feng stark. Wan d'Faaß liedeg aß, da neipen ech och e bessen. Da geß du Uecht, dad keen di Leïch helt. JOSEP. Der Dôd aß hire bäste Wiechter, wie soll eng Leïch stiehle? 2. WÄCHTER. E Komerad, ee vun der Familjen, duerfir hänkt s'elo. JOSEP. D'Komeroden an d'Frenn leie lahng an de Bätter. 2. WÄCHTER. Eng hallew Stennche gëw mir och neïscht schuoden. Erwäch mech, wann äppes kemt. (E schlëft.) JOSEP. Nun op, Josep, a maach dech bezuelt. 'T ëscht muß ech dem Grow awer nach en Zeeche gin. Kucke wie më schlau aß, hien oder ech. Ech hale, wann ech den zwô Lompen hei laascht äng Seit de Baart an d'Aaperhor gëw ewäch botzen. De Spaaß muß dem Liewe sein Eescht allzeit e bessen eremm huelen. Se hale prächteg stall. Do, nun aß et jo geschitt. Nu huelen ech fir mei Bëer a meng Arbecht de Gewon-n An droe menger Mamm d'Leich vun hirem Son-n. 5. ACT. 1. Optrett. Der Valdin hirt Zemmer. Valdin, Bertha. VALDIN. Kreischt mat mer, Bertha, awer schwätzt mer vu kängem Trôst! BERTHA. Hoffnonk aß jo nach emmer do. D'Mathild woßt jo net bestemmt ze soon, or et de Josep aß, den se gekäppt an der Fal fonten. Den Dëw konnt him de Braßle verkaaft hun, an hien sall nach neischt vum Dëwstall wessen. VALDIN. O, wôhin ech kucken, flëen di dir Bliedder vu menger Hoffnonk. D'Schan oder den Dôd, do aß meng Wiell. O du ongleckleche Leïchtsenn! D'Mansledd kenne, mat dem Schicksal ze spillen, et woen; awer e Framensch aß vun alle Seite gebonnen, sôbal et sech äng Freiheet erlabt. BERTHA. Ech gläwen, e liewt nach. Loßt mer eis mat der Mëglechkeet trësten, bis mer Noriicht hun. VALDIN. Mëglechkeet! Wat wir op der Wält net mëglech an iewel aß et net! Kent d'Erd net e Paradeis sin, wann d'Mensche wellten. BERTHA. Frelen, d'Leed geet mat bei all Creaturen as wi hire Schiedd. De Schiedd aß e Beweis, dat och d'Sonn schingt. Heer der net di klang Nuechtegeillchen, wi se sech sälwer Trôst mat hiren egene Lidder mecht! Hei leit ier Flütt. Musek hiewt de Frôen op bis ann den Himmel an dem Trauregen versëßt se sei Leed. VALDIN. Kennt se mer allt nemme Kraaft gin! Ma se mecht mech më weech. BERTHA. Trëne maachen iech më liicht. Spillt nemmen. (VALDIN spillt d'Weis vun: «Wenn die Schwalben heimwärts ziehn etc.» BERTHA sengt.) BERTHA. Wann dir et spillt, da verstin ech dad Lidd erëscht gudd. VALDIN. Mer brengt neischt en Trôst. BERTHA. Kommt, loß mer eraus goon, erow an den Dal-l, wô emm d'Uelzecht blummech Wisen mat killem Schiedd enner de Beme sin. D'Mathild sicht es do op. 2. Optrett. Dem Grow sein Zemmer. Grow, Stodheler. GROW. De Kärel spillt e kingt Spil-l. En aß eïs wiirklech ze lôs. An duerfir grad sin ech duebel korjëß fir e kännen ze lëeren. Ech zweiwle net, 't aß de sällwechten: den d'Leich gestuel huet, den huet och de Wuechten de Streech gespillt. STODHELER. Ech hun et ausruffe loß, dat der deem äng grôß Belônonk gëwt, den iech de Wuechtebarbëer gëw nännen. GROW. Gudd, dad kann eis op en hällefen. STODHELER. Awer huet der d'Frele gefrot, we se de Braßle kruut? GROW. Nach net, s'aß onwuol a wellt mat kängem Mensch riedden as wi mat de Kuommer-Jofferen. STODHELER. Gitt der hir eremm vum Barrong vu Schibberech riedden a vum Bestuoden? GROW. Ech fierten, ech hun dem zevill versprach. Vleicht bedänkt se sech och anest. De Barrong aß e jonge Mensch, den net ganz greißlech aß. En huet vill Lëer, an eigentlech aß un em wedder neischt auszesätzen, wi dat en e vollstännege Gäck aß. BEDENGTER. De Barrong vu Bibberech a vu Schibberech. GROW. Feer en eran. (Stodheler a Bedengter fort.) 3. Optrett. Grow, Barrong. GROW. 't deet mer led, Här Barrong, wat geschitt aß. Ma ech se frô, dat den Iirtom net më lang gedauert huet. BARRONG. Den Iirtom dauert nach bei ierer Duechter, soß gëw se mer hirt Jowuurt. GROW. Ech hoffen, dir huet ke Mangel am Prisong gelidden? BARRONG. Ech leiden es nach wi an der deierster Zeit. Ierer Duechter hirt Härz aß de Fruuchtspeicher, de Gromperekäller, d'Fleeschheißen, an alles hält se gespaart enner siwe Schlässer. GROW. Huet iech di Aussiicht aus der Prisongsfenster gudd gefal? Di hëch gro Fielzen em de schënen Dal-l: d'Uelzecht an d'Wisen a Garden, d'Nuechtegeïllercher ann den Häcken. BARRONG. Ierer Duechter hir Hand war mer nemme virun den Aen. GROW. Eng gudd Gelehenheet fir duurch d'Fanger ze kucken. Dir gitt dach nach net huurteg eremm heem, Här Barrong? BARKUING. Ech hoffen net, als jonger Gesäll hannescht ze goon. GROW. 't aß sche Wieder fir ze resen. De Wand aß op der gudder Seit. De Barometer geet ann d'Luucht. Kännt der äppes vum Barometer? BARRONG. Zimelech, awer — Här Grow — GROW. D'Wieder bleiwt äng Zeitlang gudd. BARRONG. Dir huet mer versprach — GROW. Spreechen heescht riedden, ech hu mech verried. BARRONG. Ech hoffen net. Dir huet mer zôgesot. GROW. An ech hätt iech sollen opsoen, net? BARRONG. Mei Gleck hängt un der Hand vun ierer Duechter. GROW. Da'aß neischt, si wescht et ow. Verzeit, Här Barrong, ech hun elo äppes ze maan, wat sech net opschuppe lëßt. BARRONG. Nach ee Wuurt. GROW. En anermol zwee, dreï, vëer, fennef, sächs a vill. Äde. BARRONG. Ech komme geschwenn eremm. (Fort.) GROW. Eng verflucht Geschicht! Wann een esô Ledd duurch en Iirtom geluoden huet, da gett een hirer net më anescht laß as wi duurch Grobbheeten. BEDINGTER. E Man an ängem Mantel gëw gär mat iech schwätzen. GROW. Breng en eran. 4. Optrett. Grow, Josep (mam Mantel iwer de Kapp). GROW. Wie sit dir? JOSEP. Mein Numm det neïscht zur Saach. GROW. Wuefir verstoppt der iert Gesiicht? JOSEP. Fir iech ang Wôerecht ze soen. GROW. An de wir? JOSEP. Der huet dem äng grôß Belônonk versprach, den iech set, wien d'Wuechten bei der Leich esô dru kruut. GROW. Da'aß wôer. Kännt dir en? JOSEP. Ech sällwer war et. GROW: Dir sällwer. Wi huet dir dad gemaacht? JOSEP. Ech gôw hinnen e Faaß Bëer. Wi daad ledeg war, du waren si voll. GROW. Hues du d'Leich gestuel? JOSEP. Jue. GROW. Wie war et? JOSEP. Mei Brudder. GROW. Wien haat em de Kapp owgeschnidden? JOSEP. Ech. Hie wollt et hun, an ech hu mußt. GROW. Wë kommt der ann de Goldtuur? JOSEP. Duurch e Lach ennerem Buodem. Loft et zô maueren. GROW. Hues du menger Duechter de Braßle gin? JOSEP. Ierer Duechter? (lues) Jesses, war et d'Frelen? Nu heescht et lôs ze sin a king. (hard) Jo, ech hun hir e gin. GROW. An hir egen Hand? JOSEP. Neen, duurch en aner. GROW. Wat fir äng Strof wells de hun? JOSEP. Dë der am Stand sit mer ze gin. GROW. Da geng et der schlächt. JOSEP. Wie wees! GROW. Mängs de, ech hätt käng Muecht? JOSEP. Dad net, ma net ier Muecht huet mech hier geruff. GROW. Da'aß wôer, awer meng Belônonk. Wat wellis de hun? JOSEP. Ier Duechter. GROW. Du baß king. JOSEP. Äde, Har, fir hätt. (E leeft fort.) BEDINGTER (sprengt erbei.) GROW. Laaf em no, sich en, en duurf eïs net nach entweschen. BEDINGTER. En aß net weit. Ech brengen en. (Fort.) 5. Optrett. Grow. Gleich derno de Bedingter. GROW. Neen, da'aß äppes Onverhofftes. E gett sech sällwer un, a verlaangt meng Duechter als Lôhn. Esô hun ech mer en net geduccht. 't aß e schë gewuelene Man, grôß! A wat secher aß, en aß gescheit, en huet Gescheck a Mut. En aner Kierel wi de Barrong vu Schibberech. En huet mech fräch bestuel. A soll en och eemol en Dëw gewießt sin, e Spetzbôw aß en net. An alle grôße Männer leit de Stofft zu allem Gudden a Schlächten. En huet mech fräch iwerfuedert, da'aß wôer; an dach, ech weeß net, ech kann en net haaten. Ech muß en eremm gesin, net gerad fir en ze strofen. Sei freit Wesen a sei Gleck gefällt mer. (Bedingter kemt.) GROW. Brengs d'en net mat eremm? BEDINGTER. Neen, da'aß der Deiwel, dem si mer all ze domm. Ech lôf em no. Bei der Schlaßpaart kôm ech bei en. E këert sech frendlech ermm a fret, or ech de Man wir, den dem Grow sei Gäld esô trei bewaacht hätt. Ech sot: Mei ja. A gôw de Grow och bestuel, mer hun den Dëw dach kritt. An dech och, sot ech, an ech paken e fäst mat der Hand, dë e mer ennert dem Mantel eraus reecht, a ruffen Hellef. GROW. An du? BEDINGTER. Op eemol mecht en e Spronk a fort an ech behôl d'Hand am Grapp. GROW. Wiem seng? BEDINGTER. Engem Dôdege seng. En haat geweß der Leich s'erowgeschnidden. GROW. Wien hätt esô äppes konnt dänken? BEDINGTER. Ech net. En aß eïs ze schlau. Mer krëen en net. En erdänkt sech seng Ausween esô sëer, as wi en se brauch. GROW. E famëse Kapp! Mer mussen en hun, ech well e känne lëeren. A geet et net mat der Gewalt, da geet et mat der Schlauheet. . BEDINGTER. Wë dan? GROW. Ech gin de Lôn, den e gefuordert huet. BEDINGTER. Ho, der wellt — GROW. Him meng Duechter gin. Dad kemt ee korjës fir. Ma meng Duechter gëw neischt derbei verlëeren. BEDINGTER. Bedänkt dach, wat en .. . GROW. Gemaacht huet. Dad weeß ech. Awer ech fille, wat en aß. BEDINGTER. E jonge Mensch voll Verstand a Kraaft; da'aß richteg. GROW. An esô e Kadätt wellt ech fir Edem. Ma meng Duechter well ech net zwangen. Gefêl en hir awer, ech lëß er de Well. BEDINGTER. Wat aß ze maan? GROW. . . . Gleich bekannt maachen, dat de Man, den de Muorgen di Hand hei am Schlaß geloß huet, soll kommen an meiner Duechter hir Hand an d'Plaaz huelen, wann d'Frelen him se gett. BEDINGTER. Ja, waan! Do a8 en Ho'k, duerun hänkt sech esô e schlauen Komerad net. GROW. Dad wärd sech weisen. 6. Optrett. Am Gard. Valdin, Bertha, Mathild, Schortgen. MATHILD. Ech soon, et geet mech an, as wann de Josep nach gëng liewen. 't waren hirer zwën, de schlauste gông net vir an d'Fal. VALDIN. O stel-l, all Riedden helleft neischt, 't mecht mech nemmen më ledeg a voll Angst. BERTHA. Do kemt de Schortgen. Loß mer heeren, wat den eis brengt. SCHORTGEN. Frelen, eisen Här lëßt froen, or en d'Ëer kennt hun, fir mat iech ze riedden. MATHILD (lues). De fänkt ewall u reffenëert ze gin. (hart) Frelen set, e soll eraakommen. 7. Optrett. De Vireg. De Barrong. BARRONG. Frelen, ech kommen hätt mat ewëneg më Mutt als wi soß, wäll ech duurch iech gelidden hun, wat sech net set. VALDIN. 't deet mer led, 't war e Mißverständneß. BARRONG. Deet iech led? O da'aß net genug. E Mier vun Trëne soll der kreischen, esôbal iert Heerz sech erweecht huet fir mech. MATHILD. Jo, 't deet eis all led fir iech, Här Barrong. BERTHA. Verzeit der Frelen, wann se net ried wi dir et gär hëert; s'aß ganz verstemmt. BARRONG. Ech si komm, fir se ze stemmen, dat se mer accordëert. An ech schwätze mat hier an net mat iech. SCHORTGEN. Eisen Här geet allzeit bei di rächt Schmett. BARRONG. Iere Papp gôw mer ze verstoon, an ech wees, dat dir mech hemlech gier huet. Ech froen net më duorno. Ma ech kommen fir iech ze froen, winë dat mer eis zesumme bestuoden. MATHILD. Wann d'Schleeken iwer d'Brohche beselen. BERTHA. Wann een Kwätsche kann vun den Hombuche reselen. MATHILD. Wann d'Fräschen vam Waaßer gin dronken. BERTHA. Wann di Dôdeg ann de Griewer ronken. VALDIN (zô de Medercher). Loßt, Kanner! .... (zum Barrong) Här Barrong, ech hun iech beledegt. Kennt der mer verzeien? BARRONG. Ech verzeien iech. VALDIN. Dan aß eis Rächnonk gemaacht, an och ganz romm. An dad ech iech net huelen, dad verzeit mer nach op d'Somm. BARRONG. O du stängen Häärz! Aß dad den Dank fir mei Prisong, fir mei Leed? Nu sin ech jo ganz an d'Schan gekleet, As wi de Bauer bis un den Hals am Tirteg geet, An de Spott geet viru mer duerch Staad an Duerf A jeitzt: E kruut vun der Joffer Sigfrid de Kuerf, Wäll e virun der Märt seng Fanger net konnt halen, An ann der Wältgeschicht no dausend Jor wärd et heeschen: De Barrong vu Schibberech, dad wär e schlächten, e kweeschen, E gông emal no Letzeburg freien An als Dëw ann de Prisong leien. Dad soon a schreiwen se, ône ze wessen, Dad ech net hun äng Bôn um Gewessen. Wan dad net wir, da lëß ech mech zessen. ...Do kemt de Grow, de wärd d'Saach nu entscheden. 8. Optrett. De Vireg. De Grow. GROW. Wann ech et kent, ech dët et mat Freden. BARRONG. Versprôcht der mer net ierer Duechter hir Hand? GROW. Dad versprôch ech wuel halwer, ma ganz mat Verstand, Dad heescht, wann sii iech gëw wellen; An hellt sii iech net, dir mußt iech gedellen. Mer gehëere jo net zu de Wellen, Wô sech all Verspreeche sô knapps muß erfellen. Vun ängem hemlege «wann» an «oder» Durf ängem d'Zong net schwellen An och net wueßen op d'Lëwt eng Bloder. Ech ka meng Duechter jo net zwangen, Dem Här Barrong un den Hals ze sprangen. Da kôm nach een aner hannen no, Wi dir als Edem nach lôgt op der Wo; Dir weit mir gleiche schwëer, wi ech gesin. Dir weßt, ech haat mei Versprieche gin, Dem, wat e gëw wellen, ze schänken, De mer de Braßlesdëw kennt fänken Oder och nemme nänne gëw. Nu kôm de Man a nännt mer de lôsen Dew, De Josep heescht, als wi e sot. De Man huet nu als Lôn mir zur Schmod Gefuerdert meng Duechter zur Fra. Lëwer gëw ech em aus mengem Kapp ent A, Ma mei Wuurt, dad well ech halen, Soß nännen d'Ledd mech desen an dien, An ee vun iech bëde wärd menger Duechter gefalen. Sii huet nu ze wiellen iech oder hien. VALDIN. Neen, neen, an dausendmol neen! Ech well vun dene bëde keen. O hellef mer nu, mei lëweger Gott, Se welle mech maachen der Wält zum Spott. Op de Stroßen gëwen d'Medercher sech et verziellen: Se huet e Gäck oder e Verrëder mußt wiellen. Mengem Papp sei Verspriechen aß huel. Di Freiere sti bei mir allebëd sech schmuel. An huet de Josep och nach emol gestuel, Da soon ech dach, as we et aß: Dir kritt mein Härz vun dem schënen Dëw net më laß. GROW. Dan hues de den Dëw an de Verrëder gären. Hei stin an änger Persôn di Hären. VALDIN. Josep, o mei Gott! 9. Optrett. De Vireg. Josep. JOSEP. O Valdin, wat e schënen Daag! Zu eisem Gleck gett nu äng iwel Saach. Deng Lëw kuckt dew op mech erof, Meng Lëw zu dir, se hiewt mech hëg. Ech war kee Barrong, si kee Grow. Dei Papp, wat selen ee vleicht mëch, Bekuckt deß Wält mat vill Verstand, A glecklech mecht e mech an och sei Kand. VALDIN. Loß mer him gin allebëd eis Hand, Mer man hie glecklech duurch Lëwt a Verstand. JOSEP. Esô soll et sin. SCHORTGEN. Wiem d'Gleck wellt weisen de Weh, De ka Fesche fänke mat der Holzheh; A wie fit d'Gleck aß opgewues, Dem kallewt all Johr en Ues. BARRONG. Stel-l, onausgebilt al Baaß, A lo mech erausspeitze mein Haaß. Ech lôf mengem Gleck no ewi den Hond ängem Hues, An esô en helt mer et ewäch virun der Nues! GROW. Här Barrong, nu sit dir dach getrëßt, Wa meng Duechter iech och verstëßt, Wall iech iert grôßt Gleck net verlëßt, Dad iech d'Leed mat grôßartege Gedanke versëßt. BARRONG. Här Grow, dad danken ech och elo. Mir aß d'Liewen nu nach net gro. Der Growendiechter, obo! Den hëgen Himmel aß jo blo: AB äng fort, zing aner sin eremm do. SCHORTGEN. Dad nännt e schwätze mat Verstand. Mir resen nach duurch munnecht Land; Ee Kuerf, de mecht mein Här net well. Mat ville Streeche gett de Stackfesch mell. JOSEP. Huet iech vun Ufank bis un d'Änn Eist Spill gefal, da kleckt ann d'Hänn.