Lëtzebuerger Rechtschreiwung (Orthographie) mam lod.lu

10. Den ontrennbare Rëtschvokal e virum r

De Rëtschvokal e verschmëlzt mam Vokal, dee virun em steet, wéi bei wierken oder spueren, a gehéiert ni zur trennbarer En­dung vun engem Wuert, wéi bei Joer oder Pharisäer.

  1. Wierder mat ä kréie just dann de Rëtschvokal e virum r, wann nach e Kon­so­nant hannerum r steet, wéi bei Äerd oder gekläert. Steet den r eleng als Konsonant nom ä, kënnt, wéi bei Här oder Stär, kee Rëtschvokal
  2. Bei Wierder mat i oder u  gëtt am Prinzip de Rëtschvokal e virum r geschriwwen, wéi bei Bierg, Buerg, Bier (dt. Bär), Buer (dt. Bohrer), egal ob den r eleng oder mat méi Kon­so­nanten hanner i oder u steet
  3. Bei Wierder, an deenen och am däitsche Parallelwuert i oder u steet, gëtt de Rëtsch­vokal e net ge­schriw­wen, wéi bei Bur (dt. Brunnen) oder Bir (dt. Birne), wann am Lëtzebuergeschen hanner dem r kee weidere Konsonant kënnt

Remark:

A lëtzebuergesche Wierder mam Rëtschvokal e gëtt hannendrun en r ge­schriwwen, wann en och am däitsche Parallelwuert steet (och wann een en am Lëtzebuergeschen net eraushéiert)

Beispill: Wierder (dt. Wörter) am Géigesaz zu Wieder (dt. Wetter)

 

viregt Säit nächst Säit